12.08.2019

Vakanzestëmmung op der Gemengeplaz

Net nëmmen hutt dir säit e puer Deeg d’Méiglechkeet iech bei schéinem Summerwieder ob de Ligestill virun der Gemeng ze entspanen, mä der kënnt och nach déi eng oder aner Partie Petanque op eiser neier Pist spillen. Ob grouss oder kleng, jiddereen ass wëllkomm!