09.08.2019

European’s People Festival 2019 zu Cantanhede am Portugal

Een grousse Bravo der Schëfflenger Delegatioun!

Cantanhede ass eng Uertschaft vun 36.600 Awunner am Norden vun Coimbra an hei huet dëst Joer den Europeans’s People Festival vum 27. Juli bis 3. August 2019 stattfonnt.

D’Bilanz vun der Schëfflenger Delegatioun déi aus 45 Leit bestanen huet ass méi wei positiv! Mat Platz 2 am Endklassement an engem verdéngten 1. Platz am Fair Play, kennen mir stolz op eis Leit sinn. Litauen waren déi Eescht op der Träppchen, an hannert Lëtzebuerg sinn d’Spuenier komm.

Schëfflenger Delegatioun krut den éischten Platz an der Petanque, am Schwammen an am Basket waren sie jeeweils op der 2. Platz. Am Fussball hu sie sech vun Platz 11. op déi 4. Platz eropgekickt an Beachvolleyballer sinn bis an d’Final komm …

Eis Delegatioun schwäermten virun allem vun der grousser Häerzlechkeet mat der déi verschidden Delegatiounen empfaange ginn sinn, déi och zum Teamgeescht an den wonnerbaren Momenter vum ganzen Treffen bäigedroen hunn.

Esou kann Vëlkerverstännegung och flott funktionéieren …

2020 ass d’Treffen an Finnland geplangt an 2022 ass et zu Schëffleng am Kader vum Esch 2022.

Halt Iech schonns d’Datumer vum 23. Juli bis deen 30. Juli 2022 frei …. well dann ass eng méi lass zu Schëffleng!