31.07.2019

Jardin éphémère

Léif Matbiergerinnen a Matbierger,

Mär sinn houfreg iech eisen neie Jardin éphémère op der Gemengeplaz ze presentéieren, un deem eis Gäertner säit e Méinden, dem 29. Juli schaffen. E funktionéiert nom Prinzip vum « Urban Gardening », wat bedeit, datt d’Uebst wéi och d’Kraider, déi ugeplanzt ginn, gratis sinn a vun all Mënsch gepléckt kënne ginn. Zu eisen Uebstplanze gehéieren ënner anerem Äppel- a Birebeem wéi och Hambier, Cassis a Schwaarzbiershecken.
Eis Gäertner këmmeren sech dat ganzt Joer ëm den Entretien vun eisem klenge Gaart an en ass viraussiichtlech e Freiden, den 2. August fäerdeg.

Chers habitants,

Nous sommes fiers de vous présenter notre jardin éphémère se trouvant sur la place de la liberté, devant l’Hôtel de Ville, sur lequel notre équipe jardinage travaille depuis lundi, le 29 juillet. Ce dernier fonctionne selon le principe « Urban Gardening », ce qui signifie que les herbes et les diverses sortes de fruits y plantées peuvent être cueillies par tout le monde.
Nos jardiniers s’occupent toute l’année de l’entretien de notre petit jardin et l’achèvement de celui-ci est prévu pour vendredi, le 2 août.