24.07.2019

90. Anniversaire vum Georges Olinger

De 24. Juli 2019 krut den Här Georges Robert Olinger op engem ganz waarmen Dag zu Schëffleng seng 90 Joer. Dofir war de Schäfferot och immens frou, datt si sou léif op e kille Patt an d’Fleegeheem „Am Schmëttbesch“ invitéiert goufen. Begleet gouf de Besuch vu Vertrieder vum Syndicat d’Initiative, der Seniorekommissioun an der Amicale vun der Maison de soins.

Et war d’Occasioun fir e klenge Bléck op dem Gebuertsdagskand säi Liewen ze werfen: Gebuer zu Esch 1929 als Jéngste vun zwee Bridder, huet de Georges 1946 eng Léier op der Arbed ugefaangen. Ganzer 41 Joer huet hien op der Arbed/Belval geschafft. Zu Esch huet hien d’Marie-Thérèse Anne Anen kennegeléiert an den 12.06.1957 zu Esch bestuet.

Hire Bouf, de Luc, ass 1960 an hir Duechter, d’Nicole, 1966 gebuer an zesummen ass d’Famill am Joer 1972 op Eilereng an dat nei gebautent Haus geplënnert. Dem Papp seng Hobbye waren den Handball an de Basket, mee déi richteg Passioun war de Camping. Bal 20 Joer laang ass d’Koppel mam Caravane duerch Europa gefuer. Leider ass d’Madame Olinger-Anen 2013 gestuerwen.

Säit 2017 ass den entre-temps Bopa vum Liam, deen 2005 op d’Welt koum, elo am Fleegeheem an hei geet et him ganz gutt. Mir wënschen dësem „neie Schëfflenger“ dofir vu ganzem Häerzen och weiderhin eng ganz gutt Gesondheet.