11.07.2019

90 – an et geet nach weider!

D’Mme Marie Thill ass de 7. Juli 1929 zu Weiler, Gemeng Pëtschent, gebuer. Wéi si an hirer Jugend aus dem Eisléck Richtung Süde koum, huet si séier den Här Raymond Gille kennegeléiert. 1950 zu Zolwer um Knapp am Café sinn déi Zwee net laanschtenee komm. Op Helleg Owend 1951 hu si sech ze Pëtschent bestuet.

Hir dräi Kanner, de Jeannot (1953), den Aloyse (1958) an d’Arlette (1964) hunn hirem Liewen e richtege Sënn ginn. Si hu laang Zäit zu Zolwer bei « der Tatta » gewunnt. D’Mme Gille-Thill huet ganz vill a gären doheem geschafft, virun allem am Gaart huet si sech wuelgefillt. Wann hire Mann op der Arbed war, huet si sech ëm d’Kanner an d’Haus gekëmmert. Am Joer 1992 koum d’Famill op Schëffleng, eng Gemeng, an där si zefridde sinn.

Den 9. Juli hat d’Gebuertsdagskand déi grouss Freed de Buergermeeschter a säi Schäfferot, Vertrieder aus dem Syndicat d’Initiative a Memberen aus der Seniorekommissioun bei sech z’empfänken. All zesummen hu si bei deem beschte Wieder op hir gutt Gesondheet geprost.

D’Famill ass frou, datt de Papp vum Haus nach doheem ka wunnen. D’Kanner këmmeren sech gutt ëm hir Elteren, sou datt kee sech brauch Suergen ze maachen. De 95. Gebuertsdag vum Raymond konnt d’Famill leider net wierdeg feieren, well si dee Moment beim Marie Longekriibs detektéiert haten a si e bësse geplot war. Elo geet et hir awer nees immens gutt an och hire Mann ass nach mat 99 Joer op Trapp. De Schampes fir den 100. Anniversaire am Februar 2020 am Haus Gille-Thill kann da scho mol kal gestallt ginn…