27.06.2019

E Merci un d’Liesgrousselteren

E Mëttwoch, de 26. Juni 2019 goufen déi 13 Liesgrousselteren, déi wärend dësem ganze Schouljoer enger Dosen Enseignanten aus allen Cyclen an hire Schoulkanner zu Säit stoungen, am « Club Haus Beim Kiosk » op enger klenger Rezeptioun geéiert. E grousse Merci goung awer och un d’Evelyne Roth aus der Lydie Schmit Schoul an hir ganz Equipe, déi de Projet ausgeschafft a mat der Zäit ausgebaut hunn.

Et ass elo déi 3. Kéier, datt dës Iddi ugebuede gëtt: 1x/Woch hunn d’Lies-Bomien an och ee Lies-Bopi sech fir ronn 1 Stonn 2-3 Kanner aus deene jeweilege Klassen erausgepickt fir mat hinnen zesummen an engem rouegen Eck Bicher ze liesen. Aus dësen Treffe si richteg Frëndschaften entstanen an d’Kanner sinn an hire Kompetenzen an hirer Motivatioun fir ze liese gestäerkt ginn.

Di eeler Leit sinn eng wichteg Ressource fir di Jonk. Si vermëttele Freed um Liesen, hu genuch Zäit a Gedold fir d’Kanner. Awer och fir d’Enseignanten sinn d’Liesgrousselteren eng wertvoll Quell.

De Buergermeeschter Paul Weimerskirch mat e puer Vertrieder aus dem Schäffen- a Gemengerot, de Schoulservice, d’Enseignanten an d’Senioren hunn op deem ganz waarmen Dag gemierkt, wéi schéin dës Zesummenaarbecht ass a si freeë sech, dass dës Geschicht am November nach weider gezielt gëtt.

« Das Wichtigste ist, dass Kinder Bücher lesen, dass ein Kind mit seinem Buch allein sein kann. Dagegen sind Film, Fernsehen und Video eine oberflächliche Erscheinung. »
Zitat vum Astrid Lindgren, paraphraséiert vum Paul Weimerskirch