15.05.2019

Vernissage Wing-Art 2019

D’Kanner an d’Léierpersonal aus dem Cycle 1, dem Precoce Albert Wingert a dem Precoce Hudelen hunn den 10. Mee op de Vernissage vun der 6. Editioun vum « Wing Art » invitéiert. Dëse Projet ass am Schouljoer 2010/2011 an d’Liewe geruff ginn a steet all Kéiers ënnert engem anere Sujet. Hei d’Sujeten aus de vergaangenen Editiounen:

  1. Am Faarweland
  2. D’Villa Hoppsassa – Architektur aus Kannerhand
  3. Eng Rees duerch d‘Welten, komm mat op d‘Entdeckungsrees
  4. „As a child everyone is an artist“ (en Deel vun engem Zitat vum Pablo Picasso)
  5. Kolja a Galina: wa Kuebe reesen ( en Theaterstéck inspiréiert um Kannerbuch vum Dany Gales)
  6. Klick-Clic (Fotoausstellung)