02.05.2019

Kranznidderleeung

D’Amicale « Schëfflenger Schmelzaarbechter » huet den 30. Abrëll 2019 um 17.30 Auer op den Bënn zu Schëffleng invitéiert fir hir traditionnell Kranznidderleeung.

Um Programm stungen:

1) Kranzniederleeung

2) Ried vum President

3) Ried vum Buergermeeschter

4) Ried vum President vum LCGB Sektioun Schëffleng

5) Ried vum President vum OGB-L Sektioun Schëffleng

Dono gouf et e Patt am Pompelhaus, wou eise Buergermeeschter Paul Weimerskirch och häerzlech fir säi Gebuertsdag gratuléiert krut.

D’Zil vun der Amicale « Schëfflenger Schmelzaarbechter » besteet doran, dofir ze suergen, dass déi Aarbechter, déi zum Wuelstand an dem Räichtum vun eisem Land bäigedroen hunn, vollwäerteg unerkannt ginn an dass hiert Undenken bei alle Generatiounen erhale bleift.