25.04.2019

Livre de condoléances à la commune

Mat grousser Trauer huet d’Gemeng Schëffleng d’Nouvelle vum Doud vum Grand-Duc Jean entgéintgeholl.

D’Gemeng Schëffleng dréckt der groussherzoglecher Famill vun Häerzen hiert Bäileed aus.

Mir soen dem Grand-Duc Jean Merci fir säin Asaz am Déngscht vum Land a fir säin Engagement fir all Bierger.

Fir déi Leit, déi dem Grand-Duc Jean méi perséinlech wëlle gedenken, läit bis de 4. Mee e Kondolenz-Buch an der Entrée vun der Gemeng. Do ka jidderee puer Wierder dra schreiwen.

Au revoir, Monseigneur!