29.03.2019

E Merci fir de Muller

No 18 Joer professionnellem Tennis a 528 Victoiren huet de Schëfflenger Bouf Gilles Muller seng Rackett Enn August 2018 definitiv un den Nol gehaangen.

Säi Parcours, seng sympatesch Aart a Weis a seng aussergewéinlech Resultater verdéngen honoréiert ze ginn. Dofir huet d’Gemeng Schëffleng den 28. Mäerz 2019 op eng « Soirée de Distinction » invitéiert an dem « Mulles » ganz perséinlech MERCI gesot.

Fir him dee beschtméigleche Start a seng wuelverdéngte Pensioun ze vereinfachen, krut hien och puer Kadoen iwwerreecht.

Hei e puer Impressioune vum Owend: