29.03.2019

90 Joer Feier

De 27. Mäerz 2019 huet d’Gemeng Schëffleng der Mme Marie Lieser-Berlo fir hiren 90ste Gebuertsdag perséinlech gratuléiert.

1929 op genee deem Dag ass si zu Bech gebuer a gouf den 09.11.1951 zu Käerjeng mam Pierre Lieser bestuet. Hir gemeinsam Duechter Gilberte huet hinnen zwee Enkele geschenkt, d’Patrice an d’Joëlle. Dofir si si glécklech, datt si nach Zäit mat hiren Urenkelen, dem Noa an dem Pol, kënne verbréngen.

Mir wënschen der Mme Marie Lieser-Berlo an hirem Mann weiderhin eng monter Gesondheet.