14.02.2019

Auereverdeelung fir laangjäreg Mataarbechter

Den 13. Februar 2019 huet de Schäfferot säi Personal, dat op mannst säit 20 Joer am Déngscht vun der Schëfflenger Gemeng steet, op eng offiziell Feier an de „Centre Associatif Am Rit“ ageluede fir hinne Merci ze soen fir hir trei Aarbecht.

Am Laf vum Owend huet de Buergermeeschter Paul Weimerskierch, ënnerstëtzt vu senge Schäffen Albert Kalmes, Marc Spautz a Carlo Lecuit, sou wéi ville Gemengerotsmemberen, fënnef Verdéngschtauere verdeelt.

Ënnert dem Gemengepersonal goufe geéiert:

  • D’Madame Manon Hopp, Aide-concierge an der Lydie Schmit Schoul
  • Den Här Marc Welter, Chauffeur am Gemengenatelier – Equipe Transport/Montage
  • Den Här Roberto Lepidi, Viraarbechter am Gemengenatelier – Equipe Transport/Montage

      

Beim Service Enseignant kruten hir verdéngten Aueren:

  • D’Madame Nadine Milbert-Bettendorf, Léierin am Zykel 2.1 an der Albert Wingert Schoul
  • Den Här Steve Theodor, Schoulmeeschter am Zykel 4.2 an der Lydie Schmit Schoul

  

Och eng „Montre de mérite“ fir hir zwee Jorzéngten am Gemengerot kruten:

  • De Paul Weimerskirch, Buergermeeschter
  • De Marc Spautz, Schäffen

  

Nom offiziellen Akt, konnt d’Gesellschaft bei engem Iessen den Owend gemittlech ausklénge loossen.