22.01.2019

40 Joer ASPELS

Ugefaangen huet alles den 18. Mee 1979. Ënnert dem Numm «  Amicale sportive du Personnel Enseignant Schifflange » (ASPES) haten sech 14 Schoulmeeschteren an Jofferen aus den deemools just zwee Schëfflenger Schoulgebaier zesummegedoen fir gemeinsam wärend hirer Fräizäit Sport ze maachen.

Lues a lues ass de Club gewuess  an et sinn och ëmmer méi « Privatleit » op de Goût komm fir Sport ze maachen. De Gros vun den Memberen vun der ASPES huet net méi nëmmen aus dem Léierpersonal bestanen mee aus all méigleche Beruffsgruppe: Hausfraen, Aarbechter, Beamten an Rentner.  Dofir ass an enger ausseruerdentlecher Generalversammlung vum 6. Dezember 1988 beschloss ginn d‘ASPES ëmzebenennen an domat ass di haiteg beschtbekannten „ASPELS“ (Association Sports et Loisirs Schifflange) an d’Liewen geruff ginn.

40 Joer méi spéit zielt d‘ASPELS eng 345 Memberen a bitt 4 verschidden Kuren un: Aerobic, Reckentraining, Aquagym an Nordic Walking.

Fir hiren 40sten Gebuertsdag ze feieren, hat de Schäfferot den 21. Januar 2019 op eng kleng Receptioun invitéiert wou de Buergermeeschter nach eng Kéier op di laangjäreg Geschicht vun der ASPES/ASPELS agaangen ass.