25.10.2018

Ausstelllung « Antigaspi »

Den 22. Oktober war de Vernissage vun der Ausstellung « AntiGaspi ».  

Op Initiative vun der Ëmweltkommissioun war des Expo organiséiert ginn fir de Leit de Problem vun der Liewensmëttelverschwendung mäi  no ze bréngen. Wie kann ech ganz einfach meng Verhalensreegelen am  Ëmgang mat den Liewensmëttel änneren an domat hëllefen  an Europa den Offall vun 180kg pro Awunner ze reduzéieren.

Net nëmmen all Schëfflenger Matbierger war invitéiert d’Ausstellung kucken ze komme, mä et war och en Opruff un eis Léierpersonal gemaach ginn des wichteg  Thematik mat de Kanner ze behandelen.