22.10.2018

Zesummen géint Liewensmëttelverschwendung!

Joer vir Joer verdierwen weltwäit 1,3 Milliarden Tonnen Liewensmëttel!

Eng erschreckend héich Zuel.  An Europa produzéiert all Awunner eng 180kg Liewensmëtteloffall. Dobäi kéint mat e bëssen gudde Well vun eis alleguerten +/- 60kg/Kapp manner Offall produzéiert ginn.

Dofir hat am Joer 2016 de Minister fir Landwirtschaft, Wäibau an Konsumenteschutz, Fernand Etgen, eng breet Sensibiliséierungscampagne ënnert dem Motto

                                                                                 « Zesumme géint Liewensmëttelverschwendung»

gestart.

A senger Sitzung vum 16. Mäerz huet de Gemengerot eestëmmeg beschloss dem nationalen AntiGaspi Solidaritéitspakt bäizetrieden.

Dëser Thematik hunn sech de Schäfferot an d‘Emweltkommissioun  ugeholl an organiséieren vum 22. bis den 26. Oktober 2018 an der „Salle Grand-Duc Jean“ di éischt  „Antigaspi“ Ausstellung.

D’Antigaspi-Expo riicht sech un all d’Verbraucher als Liewensmëttelverschwender, besonnesch awer un di Jonk an hinnen esou nei Verhalensreegelen am Ëmgang mat den Liewensmëttel méi

no ze bréngen.  Si gëtt Äntwerten an alldeeglech Tippen op eng spilleresch Aart a Weis wéi mär mat den Liewensmëttel oder mat der Verwäertung vun Iessreschter sollen ëmgoen.

Mär wäre frou, wann all Schëfflenger Matbierger des flott an interessant Ausstellung géif kucken kommen.

D’Ausstellung ass vun Meindes bis Donneschdes all Kéier vun  08.00 bis 17.00 Auer a Freides vun 08.00 bis 12.00 Auer op.

Gitt besicht och de Site: antigaspi.lu