12.10.2018

80 Joer, dat muss gefeiert ginn!

Dat huet de Joergang vun1937/38 sech och geduecht an huet en Opruff un all hir Kollegen a Kolleginne gemaach fir sech den 8. Oktober 2018 an hirer Heemechtsstad Schëffleng erëm ze gesinn. Si goufen an der Gemeng vum Buergermeeschter Paul Weimerskirch empfaangen a konnten hei bei engem klenge Patt iwwert al Zäite poteren. 80 Joer ass e schéinen Alter an do koum dunn och déi eng oder aner Anekdot vu fréier op d’Tapéit.