28.09.2018

20 Joer « Spaghettiaktioun »

Zanter 20 Joer organiséiert d’Schëfflenger Schoulpersonal eng grouss « Spaghettiaktioun » fir all Schëfflenger Schoulkanner. Fir 5 Euro kann all Kand deen Dag esouvill Nuddelen iessen wei et packt an di gesammelt Suen ginn uschléissend un eng karitativ Associatioun gespent.

Well et dëst Joer schonn déi 20. Kéier war,   wollt de Schäffen- a Gemengerot dem Léierpersonal op eng besonnesch Manéier MERCI soen fir hiert Engagement an huet de Spiiss des Kéier ëmgedréint.

Et war de Schäffen- a Gemengerot déi den 27.09.2018 eng „Spaghettiaktioun“ fir d’Léierpersonal organiséiert haten. Pünktlech um 08.00 Auer sinn déi éischt fläisseg Hänn am „Centre Senior“ agetraff an hunn ugefaangen mat Kachen a Brachen fir dass d’Iessen pünktlech um 12.00 Auer un di  50 Schoulmeeschteren konnt servéiert ginn.

Uschléissend war d’Scheckiwwerreechung. Dëst Joer sinn d’Spenden un folgend dräi Associatiounen gaangen:  „Anges d’Afrique“, „Narin Asbl“ an „Bonnievale Projects Asbl“

Wéinst dem „Jubiläum“ huet de Gemengerot an senger Gemengerotssitzung vum  13. Juli 2018 eestëmmeg den Erléis net wei gewinnt verduebelt mä esouguer verdräifacht.