12.07.2018

Mär halen eis fit !

Och dëst Joer waren d’Kuren vum Seniorenturnen a Schwamme gutt besicht.

Sport a Beweegung gëtt vun deenen 30 Participant’en grouss geschriwwen.

Ënnert der Leedung vum Myriam Sagramola ass all Dënschden vu 15.30 bis 16.30 Auer am Turnsall vun der Lydie-Schmit-Schoul Seniorenturnen ugesot a fir déi ganz Motivéiert, déi nom Turnen nach fit sinn, besteet d’Méiglechkeet vu 16.30 bis 17.30 Auer um Schwammcours deelzehuelen. Wärend de Schoulvakanzen ass allerdéngs Paus ugesot a well elo d’Summervakanz virun der Dir steet, hunn si sech all nach eng Kéier bei engem gemittleche Mëttegiesse getraff fir dës Saison ofzeschléissen.

Seniorenturnen soll awer net nëmmen dozou bäidroen fir de Kierper fit ze hale mee och d’Méiglechkeet bidden nei Leit kënnen ze léieren a sech auszetauschen.

Fir d’Rentrée 2018/19, mär maachen elo schonn e klengen Opruff un all eis Senioren beim Seniorenturnen/Schwammen matzemaachen. Där sidd all häerzlech Wëllkomm.

Fir all weider Informatiounen steet Myriam Sagramola (Tél.: 621 76 75 38) iech gären zur Verfügung.