26.06.2018

Schëfflenger Fest 2018

Schëfflenger Fest 2018

De Freiden 22. Juni huet déi 15. Editioun vum Schëfflenger Fest stattfonnt. Nom Te Deum, dem Cortège an der traditioneller Ried vum Buergermeeschter ass duerno zwee Deeg laang gefeiert ginn. Hei huet de Buergermeeschter Paul Weimerskirch vun der Geleeënheet profitéiert fir un eis gesellschaftlech Wäerter an d’Wichtegkeet vum „Mateneen“ ze erënneren.

Ganzer 22 Veräiner hunn bei dësem flotten Volleksfest mat engem Iess- oder Gedrénksstand matgemaach an 52 Veräiner hunn um Cortège deelgeholl. Am ganzen sinn 7 Museksgruppen opgetrueden, ee Feierspektakel um Virowend an eng Partie Optrëtter vun Schëfflenger Veräiner hunn hei jonk a manner jonk begeeschtert.

   

Fir Kanneranimatioun war och mi wéi gesuergt mat Sprangschlässer an Bastelaktivitéiten wärend dem ganzen Fest. Esou ass jiddereen op seng Käschten komm. Mär freeën eis elo schonn op dat nächst Joer.

  

Méi Fotoen fann Där hei.