18.05.2018

70 Joer, dat muss gefeiert ginn !

Dat huet de Joergang vun1948 sech och geduecht an hunn en Opruff un all hir Kollegen a Kolleginne gemaach fir sech den 18. Mee an hirer Heemechtsstad Schëffleng wou si fir d’éischt Schoulbänk gedréckt hunn  erëm ze gesinn.

70 Joer ass e schéinen Alter a munch Anekdote vu fréier sinn op Tapéit komm.

Rendezvous war op der Gemeng wou si vum Buergermeeschter Paul Weimerskirch an dem Schäffen Albert Kalmes empfaange  gi sinn. Duerno stoung eng Visitt vum Rëmelenger „Musée des Mines“ um Programm an den Ofschloss vun dësem flotten Dag huet en Owendiesse gemaach.