08.03.2018

Internationale Fraendag

Mir ënnerstëtzen den Internationale Fraendag!

Dës Fotoe ginn am Kader vum Internationale Fraendag um groussen Ecran vun der Schëfflenger Gemeng gewisen. Esou bréngt d’Gemeng hir Ënnerstëtzung zum Internationale Fraendag zum Ausdrock. Allerdéngs ass unzemierken, dass net eleng dës néng engagéiert Dammen op der Schëfflenger Gemeng schaffen, mee d’Personal insgesamt aus 229 Leit an dovunner 122 Frae besteet. Wei een also feststelle kann, sinn d’Fraen an der Iwwerzuel an dat trotz engem Männer-dominéierte Schäfferot.

De Message dee mir als Gemeng zum Internationale Fraendag wëll vermëttelen ass, dass d’Frae solle gewäertschätzt ginn. Och wann d’Fraen hei an Europa, an engem Jore laange Kampf fir hier Rechter an hir Wäertschätzung, vill erreecht hunn, ass et wichteg ze wëssen, dass dëst bis haut net iwwerall op der Welt de Fall ass, an och an Europa d’Frae weiderhi fir hir Rechter mussen a sollen astoen. Dowéinst wëlle mir als Gemeng och betounen, dass et wichteg ass dësen Dag net an den Abseits ze stellen an sech dësen Asaz net op een eenzegen Dag am Joer beschränke soll.