24.01.2018

Formatioun fir Animateur A ze gin!

Wëlls Du spéider als Animateur un eisen Aktivitéite fir Jugendlecher während de Schoulvakanzen deelhuelen an zesumme mat de Responsabelen Aktivitéiten organiséieren, duerchféieren an d’Participante begleeden? Da mell Dech un fir d’Formatioun Animateur A, organiséiert vun der Schëfflenger Gemeng an dem Schëfflenger Jugendhaus.

Datumer:

  • 2 Weekender mat Iwwernuechtung (och evtl. dobaussen!) – 24.-25. Februar / 24.-25. Mäerz 2018
  • 1 Teambuilding-Dag – 22. Abrëll
  • 2 Deeg Mini-Stage am Schëfflenger Jugendhaus – d’Datumer gi mat Dir zesumme festgeluecht

Schwéierpunkte vun der Formatioun sinn:

  • De Rôle vum Animateur
  • Entwécklung vu Kanner a Jugendlechen
  • Kommunikatioun
  • Sécherheet & Risiken
  • Handlungsméiglechkeeten a schwieregen Situatiounen
  • Ëmgang mat Konflikter
  • Éischt Hëllef
  • Gesond Ernährung
  • Aktivitéitsspezifeschen Imput

Umeldung:

Wanns Du:

  • 15 – 26  Joer al bass
  • ALL déi Datumer vun der Formatioun Zäit hues
  • Lëtzebuergesch verstoe kanns

da mell Dech bis den 11. Februar un an schéck folgend Doneeën un

Numm
Virnumm
Adress
Telefonsnummer
E-Mails-Adress
Numm a Virnumm vum Erzéihungsberechtegten

Präis:

55€ – no Denger Aschreiwung kréien Du, respektiv Déng Elteren, eng Rechnung geschéckt. Dës gëllt als offiziell Umeldung.

Mir freeën eis op Dech!