19.01.2018

Ovatioun vum neie Gemengerot

Den 18. Januar 2018 hat den « Syndicat d’Initiative » vu Schëffleng op eng kleng Feier invitéiert fir den neigewielten Gemengerot ze éieren. Des sympathesch Initiative vum Syndikat huet mëttlerweil schonn Traditioun hei zu Schëffleng.

D’Presidentin vum SI, Juliette Caputo-Johanns, war houfreg vill Veräinsvertrieder an Éieregäscht begréissen ze kennen. An hirer Ried huet si allen Kandidaten déi sech de Wahlen vum 8. Oktober 2017 gestallt hunn an di grouss Erausfuerderung am Interessi vu Schëffleng an all senge Bierger a Biergerinnen ze schaffen ugeholl hunn, hire gréissten Respekt ausgesprach. Och wann et bei deem engen oder aneren net direkt duergaangen ass fir Member vum Gemengerot ze ginn, huet d’Presidentin si opgefuerdert hir Zieler an Visiounen fir eis Gemeng net aus den Aen ze verléieren a weider ze maachen.

                        

Éier d’Presidentin zur Éierung vun deenen eenzelen Gemengerotsmemberen iwwer gaangen ass, huet si awer och un déi zwee Conseillj’een Guy Fehr a Jean-Paul Braquet erënnert, déi eis während hirer Amtszäit fir ëmmer verlooss hunn. Och hinnen gehéiert e grousse MERCI fir alles wat si geleescht hunn.

Dräi Conseilljeen hunn sech bei dëse Wahlen net méi dem Vote vum Bierger gestallt. D’Sylvie Weirich-Zwick an den Norbert Carl. Och hinnen ass Merci gesot ginn fir hir vill a gutt Aarbecht. E besonneschen a mat déifsten Respekt verbonnenen Merci ass awer un den mëttlerweil Éierebuergermeeschter, Roland Schreiner, gericht ginn. Während 30 Joer war hien Member vum Gemengerot dovunner déi lescht 15 Joer Buergermeeschter. Eng Missioun déi hien mat Leif a Séil erfëllt huet. Hien hat ëmmer en oppent Ouer fir jiddereen a war Dag an Nuet fir seng Heemechtsstad am Déngscht.

Duerno sin dann die 15 Neigewielten geiert ginn an d’Juliette Caputo-Johanns, huet hinnen all eng glécklech Hand bei der Ausübung vun hirem Amt gewënscht a virun allem op eng fair an konstruktiv Zesummenaarbecht am Interessi vun eiser Gemeng appelléiert.

Éier de Buergermeeschter Paul Weimerskirch e puer Wuert un all di Uwiesend geriicht huet, war et traditiounsgemeis um jéngst gewielten Conseiller, Sven Kill, fir dem « Syndicat d’Initiative » Merci ze soen fir déi flott Feier.

                                    

Vidéo vun der Ovatioun