18.12.2017

En faire Geschichtennomëtteg

Samschden de 16. Dezember 2017 haten sech eng ganz Partie Kanner mat hiren Elteren am Club Haus beim Kiosk versammelt, an dat fir Geschichten ze lauschteren.

D’Erzielerin an d’Théaterpädagogin Betsy Dentzer huet de Kanner en flotte Geschichtennomëtte gebueden, mat lauter Geschichte ronderëm d’Frëndschaft, fairen Ëmgang mateneen an zum Thema Schockela.

D’Kanner goufen animéiert fir aktiv un de Geschichten deelzehuelen an se souguer mat ze erzielen, wat se natierlech och mat vill Begeeschterung a Freet gemaach hunn.

Och sur place war de Fairtrade-Grupp mat fair gehandelte Produiten a selwer gebaakenem Kuch.

De Jérôme Courtoy, Sekretär vum Fairtrade-Grupp huet déi kleng wei och déi grouss Visiteure begréisst.

Am Resumé kann ee soen, dass et en ganz gelongenen Nomëtte war.