08.12.2017

Gelongenen Nomëtte fir all eis Rentner

Den 8. Dezember hat d’Seniorekommissioun nees all Schëfflenger Senioren op déi traditionell Rentnerfeier an den Hall Polyvalent geruff.

449  Rentner  waren dem Opruff befollegt an hunn zesummen e flotten Nomëtte verbruet.

De „Käpt’n Ändä & Matrouss K1000 feat. The Hüettes“ hunn direkt fir gutt Stëmmung gesuergt an et huet net laang gedauert bis déi éischt Leit op der Danzpist waren.

An der Paus hunn d’Membere vun der Seniorekommissioun u gudde Maufel zerwéiert a frëscht gestäerkt ass et mat dem zweeten Deel voll bepaakt mat flotter Musek a Gesang weidergaangen.

Géint 17.30 Auer  huet de Käpt’n Ändä an seng sympathesch Equipe leider schonn nees dat lescht Lidd fir dëst Joer gesongen.

Den designéierten neie President vun der Seniorekommissioun, Pierrot Feiereisen, an seng ganz Equipe aus der Seniorekommissioun hunn fir d’nächst Joer eng „nei Opmaachung“ vun der Rentnerfeier ugekënnegt an de Buergermeeschter Paul Weimerskirch huet hinnen seng vollsten Ënnerstëtzung zougesot. Lost Iech deemno  iwwerraschen.