05.12.2017

Alle Jahre wieder – 7. Editioun vum “Niklosmoart”

D’Chrëschtdeeg kommen nees méi no, och de Kleesche kënnegt sech sou lues un an domat och den traditionelle Schëfflenger “Niklosmoart”, deen dëst Joer vum 2. bis den 3. Dezember 2017 op der Fräiheetsplaaz stattfonnt huet. Zesumme mat der Kultur-, Sports- a Fräizäitkommissioun, hat d’Schëfflenger Gemeng déi siwent Editioun vum “Niklosmoart” organiséiert. Fir eng feierlech Stëmmung hunn d’Kanner vun der Maison Relais mat hirem Gesang an d’Schëfflenger Musek mat beschtbekannten Chrëschtlidder gesoucht.

                                 

D’Visiteure konnten et sech um “Niklosmoart” richteg gutt goe loossen an sech mat Glühwäin, Paangecher, waarme Käschten an anere gudde Gourmandise verwinnen.

              

Fir déi Kleng war natierlech de Besuch vum Kleeschen den Highlight. Hien koum den 3. Dezember mam Zuch op der Schëfflenger Gare un wou hien vum Schäffen- a Gemengerot, vum Schëfflenger Geschäftsverband (ACAS) a vum Syndicat d’Initiative begréisst gouf. Nom feierlechen Cortège huet de Kleeschen e puer léif Wieder un d’Kanner an un all Schëfflenger Leit geriet éier hien an der Gemeng Plaz geholl huet an all Kanner déi sech gutt geschéckt hate mat enger gudder Tiitche voll Séissegkeete belount