24.11.2017

Eis beschte Gléckwënsch!

Den 22. November 2017 huet den Här Charels Breckler 90 Joer kritt.

1957 ass hien mat senger Fra, dem Margot Paulus, an hirer Duechter Romance op Schëffleng geplënnert komm an et kann een deemno behaapten, dass hien no 60 Joer schonn e Stack Schëfflenger ass. Hire Bouf, den Alain,  koum dann och schonn hei zu Schëffleng op d’Welt.

An de kommenden Joer’en ass d’Famill natierlech ëmmer méi gewuess an haut ass den Här Breckler stolze Bopa vu fënnef  Enkelkanner.

Bis virun engem Joer huet hien nach a sengem Haus gewunnt. Haut fillt hien sech am „Centre Senior“ wuel an denkt nach oft u seng gutt Fra zeréck, déi hien 2002 leider fir ëmmer verlooss huet.

Zesummen mam Buergermeeschter Paul Weimerskirch, dem Juliette Caputo-Johanns, Presidentin vum Syndicat d’Initiative, dem Caroline Maes vun der Seniorekommissioun a natierlech dem Gebuertsdagskand senge Kanner huet hien op säi stolzen Alter geprost.