23.11.2017

De neie Gemengerot ass am Amt

Nodeems gëschter Mëttwoch de Buergermeeschter Paul Weimerskirch an d’Schäffen Albert Kalmes, Marc Spautz a Carlo Lecuit vum Inneminister assermentéiert gi sinn, huet haut Donneschden de neie Buergermeeschter d’Vereedegung vun de Conseillers virgeholl.

Am neie Gemengerot siégéieren elo:

Paul WEIMERSKIRCH – CSV
Camille SCHÜTZ – déi Gréng
Carlo LECUIT – CSV
Carlo FEIEREISEN – LSAP
Gaby BRUCH-FORSTER – LSAP
Idette CATTIVELLI – DP
Albert KALMES – déi Gréng
Juliette CAPUTO-JOHANNS – LSAP
Yves MARCHI – CSV
Marc SPAUTZ – CSV
Rizo AGOVIC – LSAP
Sven KILL – LSAP
Nadine KUHN-METZ – CSV
Yves FIORELLI – LSAP
Gilbert GODART – CSV

Nom offiziellen Akt vun der Assermentatioun huet de Paul Weimerskirch de neie Conseillers félicitéiert, an hinnen all Bonne Chance, eng glécklech Hand a vill Engagement am Intressi vu Schëffleng gewëscht. “Jiddefalls freet sech de Schäfferot mat Iech zesummen déi nächst Jore Politik fir Schëffleng ze maachen” esou de Buergermeeschter.

                             

Le nouveau Conseil communal est entré en fonction

Le Bourgmestre Paul Weimerskirch et les échevins Albert Kalmes, Marc Spautz et Carlo Lecuit ont été assermentés par le Ministre de l’Intérieur, le mercredi 22 novembre 2017. Un jour plus tard le jeudi 23 novembre les nouveaux conseillers ont été à leur tour assermentés par le nouveau Bourgmestre.

Le nouveau Conseil Communal se constitue comme suit:

Paul WEIMERSKIRCH – CSV
Camille SCHÜTZ – déi Gréng
Carlo LECUIT – CSV
Carlo FEIEREISEN – LSAP
Gaby BRUCH-FORSTER – LSAP
Idette CATTIVELLI – DP
Albert KALMES – déi Gréng
Juliette CAPUTO-JOHANNS – LSAP
Yves MARCHI – CSV
Marc SPAUTZ – CSV
Rizo AGOVIC – LSAP
Sven KILL – LSAP
Nadine KUHN-METZ – CSV
Yves FIORELLI – LSAP
Gilbert GODART – CSV

Après l’acte officiel de l’assermentation, Paul Weimerskirch a félicité les nouveaux Conseillers. Il les a souhaité bonne chance et beaucoup de courage pour leur nouvelle tâche qu’ils exercent dans l’intérêt de la Commune de Schifflange.

Hei e puer Gedanken aus der klenger Ried.

“Mir wëlle Schëffleng méi schéin a liewenswäerter maachen. Ob mir an der Majoritéit oder an der Oppositioun sinn, mir hunn eis alleguer dësem Zil verschriwwe“, mat dëse Wierder huet de Carlo Feiereisen, 2006 deemools jéngst gewielte Member a Schäffen an enger absoluter LSAP-Majoritéit eng quasi gemeinsam Absichtserklärung vun alle Gewielten am Gemengerot op der Ovatiounsfeier formuléiert.

An weider sot hien: „D’Gemeng steet viru groussen Aufgaben, neien Defien, infrastrukturell a finanziell gekuckt, an déi Problemer, Opträg an Uleiesse kënnen, nee musse mir gemeinsam léisen. Jidderee no senge Fäegkeeten a Kompetenzen!“

Léiw Frënn, dat ass haut net anescht. Zesumme schaffen, mateneen analyséieren, jugéieren an handelen… et ass dat wat zielt, wa mir dës éierevoll Aufgab, am Intressi vu Schëffleng erfëllen a meeschtere wëllen.

Et priméiert bei all Entscheedung ëmmer iergendwéi d’Gewëssen, dann d’Schëfflenger Leit an eis Gemeng, an dann d’Partei … fräi nom Gedanke vum John F Kennedy, fro net, wat de Staat fir Dech maache kann, mä wats Du fir d’Gesellschaft, fir d’Communautéit maache kanns, …. An dat ass oft méi ewéi mir selwer mengen! Eis Aufgab, ob als Buergermeeschter, Schäffen oder Conseiller, ass kee Selbstzweck!

Gemengepolitesch aktiv ze sinn heescht schonns ëmmer, sech an den Déngscht vun anere stellen. Am Mëttelpunkt stinn dobäi d’Uleies, d’Doleance a d’Bedürfnisser vum eenzele Bierger, ob jonk oder al, ob Lëtzebuerger oder Net-Lëtzebuerger, ob Mobil a manner Mobil, ob Mann oder Fra, ob Flüchtling mat oder ouni Statut….! Mir gesinn dat – an ech sinn iwwerzeegt dowunner, och alleguer esou.

Schoul, Kannerbetreiung, Zesummeliewe vun der Generatiounen, Integratioun a Veräinsliewen, Ëmwelt, Bau- a Raumplanung, Infrastrukturen, Stadentwécklung, Verkéier … Et geet ons all ëmmer nees ëm gräifbar Verbesserungen an de Liewensberäicher, déi fir den Eenzelen eng wichteg Bedeitung hunn … Politik am Déngscht vun de Leit…

Et ass eng flott Aufgab, eng komplizéiert allerdéngs och … mir si gefuerdert eis déi néideg Kompetenzen un ze eegenen,… jidderee vun eis ass do opgefuerdert säi Bescht ze maachen, … Mir hunn gutt Viraussetzungen, mir hunn gutt Servicer, engagéiert a kompetent Fonktionären, Employés communaux a Salariés … si  all hëllefen, wou se kënnen, sie alleguer ënnerstëtzen eis, wou sie kënnen, si sinn d’Stäip an eisem Engagement, mir begleede sie a sie begleeden eis, ….

Ech wënschen eis an dësem Sënn eng flott a korrekt Aarbecht, déi duerch konstruktiv a kritesch Kooperatioun a Fairness gekennzeechent ass, net duerch Polemik, awer haart an der Saach a fair am Ëmgang mateneen.

Déi Responsabel am Gemengerot musse matenee Politik gestalten, zesumme mat de Bierger, mat de Veräiner, …

Mir wëllen eis engagéiere fir eng Gemeinschaft mat de Bausteng vun der Toleranz, der Solidaritéit, dem géigesäitege Vertrauen a Versteesdemech, der Ënnerstëtzung …

Mir wëllen de Mateneen. An elo drénke mir e Patt. Ech hiewen d’Glas op eng flott an engagéiert Zäit vum Matenee fir eis Gemeng, fir Schëffleng a fir eis Matbierger.