14.11.2017

Den Dag vum Bam zu Schëffleng

Hei ënnen bäigefügt kënnt Dir d’Ried vum Schäffen Carlo Feiereisen liesen, déi hien am Kader vum « Dag vum Bam » zu Schëffleng virgedroen huet:

Schëffleng „aktiv am Klimaschutz“

Dag vum Bam zu Schëffleng den 11. November 2017

Well haut den offiziellen Startschoss ass vum nationalen Dag vum Bam, wëlle mer als Gemeng Schëffleng net mat där Traditioun vum Dag vum Bam briechen an esou op en Neits eist Engagement och no baussen hin dokumentéieren.

Besonnesch frou sinn ech datt mer fir dës 21. Editioun vum Dag vum Bam hei bei eisem neien Projet vum “Urban Gardening” e puer Beem zesummen mat de Leit vun den Hudelen planzen.

Nieft dëser Aktioun investéieren mer als Schëfflenger Gemeng am Laf vum Joer bestänneg an d ‘Erhalen an an d ‘Schafen vu neie Naturreim. Och hu mer eng Onmass vu neie Biotopen geschaf, anerer hu mer opgewäert oder restauréiert. Virun e puer Joer hu mer d ‘Uelzecht renaturéiert, Bongerten a Weieren ugeluecht, Solitärbeem geplanzt, Dréchemaueren gebaut an Nisthëllefen opgeriicht fir verschidde Vullen Aarten, wéi de Mauersegler, d’Schleiereil, d’Hausschmuewel a besonnesch fir de Storch.

Wa mer also an der Vergaangenheet scho vill gemat hunn – mär sinn jo och net fir näischt als eenzeg Lëtzebuerger urban Gemeng – mam gëllenen, also deem héchsten europäeschen Energy Award ausgezeechent – heescht dat net, datt mer eis Hänn elo an de Schouss leeën. Am Géigendeel: Vill Projet’en am Natur-, Klima- an Ëmweltschutz sinn oder ginn realiséiert, sief et den Ausbau vum VeloK-System, de Projet vun der Solarenrgiegewënnung an Zesummenaarbecht mat eisem Jugendhaus an Greenpeace, d’Opstellen vun Insektenhoteler, oder awer de Projet wou mer hei stinn, den “Urban Gardening” dee mer op Initiativ vun ënner anerem eiser Ëmweltkommissioun realiséiert hunn. Erlaabt mer, datt ech  – iert mer d’Conventiounen mat de Leit ënnerschreiwen, déi um “Urban Gardening” deelhuelen – e puer Wieder iwwert dëse flotte Projet verléieren.

Bei de virege Generatiounen war et eng normal Saach, datt een säin eegent Geméis an Uebst gezillt huet an och konsomméiert huet. Dës Gewunnecht ass eis verluer gaangen an domadder och e flotten Nieweneffet: wann d ‘Leit am Gaart geschafft hunn, dann hunn se ënnerenee geschwat, hiert Wëssen ausgetosch an een huet deem aneren Tuyaue ginn, wéi ee wat am beschte soll planzen a wat ee soll beienee planzen fir Schiedlingen ofzehalen. Dëst Wëssen ass eis leider lues a lues verluer gaangen an dofir notze mer haut Pestiziden fir eis géint Schiedlingen ze wieren. Doduerch datt mer eis erëm méi intensiv mam Gaardebau beschäftegen, léiere mer vläit och erëm déi al Tricken an doduerch erreeche mer en Zil, wat d’Gemeng sech gesat huet, an zwar fir eng pestizidfräi Gemeng ze ginn.

Vill Leit scheien d’Gaardenaarbecht, well se beschwéierlech ass. Dofir hu mer de Choix getraff fir de Leit hei Héichbeeter unzebidden. Do kann een an enger angenehmer Héicht schafen wat d ‘Aarbecht vill vereinfacht.

Flott an de Gemeinschaftsgaardenanlagen ass och, datt dëst eng Plaz ass, wou Leit sech begéinen. Do wou Leit sech begéinen gëtt zesumme geschwat, et kritt ee Kontakt mat de Noperen, deen ee soss net kritt. Nieft dem Insiderwëssen iwwer d’Gardenaarbecht gëtt och iwwer aner Themen geschwat. Sou entstinn Frëndschaften an de Quartier kritt eng eegen Dynamik.

Fir Ofzeschléissen well ech e puer Mercien lassginn: do hu mer mol eis lokal Sektioun vun  Natur an Ëmwelt déi ouni grouss Ophiewes, besonnesch wäertvoll Aarbecht am Dingscht vun eiser Natur leeschten. Dann d ‘Firma “Mon Jardin”, déi eis d‘Beem geliwwert huet an eis Gemengenservicer déi den Dag vun haut organiséiert hunn, eis Emweltkommissioun, déi den Projet Urban Gardening initiéiert huet a last but not least Iech all, déi der gewëllt sidd mat engem klenge Gest eppes fir eise Planéit ze maachen.

Loosst Iech ärt Uebst a Geméis gutt schmaachen.