10.11.2017

Mat Freed Musek machen

Virun e puer Deeg huet d’Schëfflenger Musek op d’Première vun engem klengen Film, realiséiert vum Fabien Spaus a produzéiert vum Sam Hastert invitéiert. Fir den Atwork wuar d’Sophie Lessure verantworltech.

A Präsenz vum Buergermeeschter Roland Schreiner, dem President vun der Harmonie Municipale Pascal Theodor an enger Rei vun Éieregäscht ewéi och Musikanten aus der Schëfflenger Musek ass de Film « The Passionate Heart of a Musician » präsentéiert ginn. Dësen klenge Film erzielt d’Geschicht vun engem Meedchen, dat eng passionéiert Flüttistin ass, mat senger Mamm an eng aner Uertschaft plënnert, a sech nees enger Museksgesellschaft uschléisst. Déi liicht melancholesch Geschicht ass mat faarweger a flotter Musek ënnerloucht a soll weisen wéi flott den Engagement an enger Musek ass, wat d’Elteren kënne maache fir d’Kanner zur Musek ze motivéieren, an datt d’Musek Jonker a manner Jonker zesumme bréngt.

Als Schauspiller waren Nora Schmit, Christiane Biewer (Mamm), Mett Kayser(Bopa) a Robert Schmit, an e Grupp vu Musikanten am Asaz. Szenen si gedréint ginn zu Schëffleng. E Grousse Merci sot de President vun der Musek, ewéi och de Réalisateur an de Produzent alle Leit, déi gehollef hunn dëse Projet ze realiséieren an ze finanzéieren. De Film gëtt elo op verschidde Filmfestivals presentéiert. De Buergermeeschter Roland Schreiner huet allen felicitéiert, déi de Film realiséiert a produzéiert hunn, déi am Film matgewierkt hunn a huet Bonne Chance bei de Filmconcours gewënscht.