09.11.2017

Den 7. November krut d’Madame Catherine Pezzotta-Bauler 90 Joer

D’Madame Pezzotta-Bauler ass den 7. November 1927 zu Esch/Uelzecht op d’Welt komm. Den 26. Juli 1951 huet sie sech mam Marino Pezzotta bestuet.

Aus dem Bestietnis sinn dräi Kanner ervirgaangen, dräi Jongen, den Angelo, den Pietro an den Romain. Haut zielen fënnef Enkelkanner an zwee Urenkelkanner zum erweiderte Familljekrees vun der Jubilarin. Den Buergermeeschter Roland Schreiner, den Schäffen Paul Weimerskirch souwéi Vertrieder vun der Seniorenkommissioun a vum Syndicat d’Initiative, hunn der rüsteger Jubilarin hir beschte Gléckwënsch entgéintbruecht an hunn zesummen mat der Famill op hire groussen Dag ugestouss.

Mer wënschen der Madame Pezzotta-Bauler nëmmen dat Bescht an hoffen, datt sie bei gudder Gesondheet nach vill Joren am Krees vun hirer Famill ka verbréngen.