10.10.2017

Grouss Bicherwoch

Vum 9. bis den 14. Oktober 2017 fënnt an der « Salle Grand-Duc Jean » dei grouss Bicherwoch statt.

Beim Vernissage vun der Ausstellung deen den 9. Oktober 2017, huet de Buergermeeschter Roland Schreiner sech erfreed gewissen, dass sech all Schoulklassen ageschriwwen hun fir un enger Virliesung deelzehuelen oder ganz einfach nëmmen d’Bicherwoch besichen ze kommen an esou bestëmmt daat een oder anert spannend Buch entdecken daat si onbedingt zesummen an der Klass welle liesen. Liesen ass den A an den O fir eng Sprooch richteg ze léieren an richteg uwenden ze kënnen. Hien hofft dass d’Editioun 2017 vun der Bicherwoch genau esou e groussen Uklang bei de Kanner a bei hiren Elteren fënnt wei dei Joeren virdrun. Den Erléis vun dëser flotter Woch ass integral fir d’Schoulbibliothéiken.

Awer och dei mei Kleng, dei dem Liesen nach net mächteg sin,  bedeelegen sech aktiv un der Ausstellung. Zesummen mat hiren Jofferen hun si flott Konschtwierker  zum Thema „Eng Rees ronderëm d’Welt“ gebastelt die während der ganzer Bicherwoch ausgestallt sin.

D’Ausstellung ass zu folgenden Auerzäiten op:

All Dag vun 08.30 Auer – 11.30 Auer a vun 14.00 – 18.00 Auer

Samsdes vun 14.00 – 17.00 Auer.

All dei ausgestallten Bicher  kënnen  direkt „sur place“  kaaf gin.