03.10.2017

Comedyowend

De Schäfferot an dei lokal Kulturkommissioun invitéieren Iech ganz härzlech den 20. Oktober 2017 um 20.00 Auer op e leschtegen Comedyowend

                                                                      mam Trio TRI2PATTES an der « Salle Grand-Duc Jean ».                                                                                  

 

Laache fir e gudden Zweck  – No dësem Motto presentéiert den Trio TRI2PATTES  hiren neie kabarettistesche Comedyprogramm

               ‘PLAKEG A MAT VILL GEJÄIZ’.

Hannert dësem dubiéisen Titel verstoppen sech och des Kéier nees eng Hellewull Sketcher aus der eegener Fieder, lëschteg Lidder, Pantomime an Clownerien,

an dat Ganzt garantéiert alles jugendfräi.

TRI2PATTES viséiere virun allem déi Leit, déi sech net ze vill eescht huelen, an gären mol häerzhaft laachen.

An anere Wieder, hei kritt all Hännes Geleeënheet fir iwwert sech selwer ze laachen, an déi aner dierfen him dobäi hëllefen.

Deemno en  « Avis aux amateurs »  un d’Adepte vun der gudder Laun.

Weider Infoen zur Tournée ënner www.tri2pattes.lu.

Réservéiert  elo schon är Plazen ënnert:  

 

Entrée: 15€ fir dei Erwuessen an 10€ fir d’Kanner a Jugendlecher

Den Erléis gëtt integral un « Schëffleng Hëlleft » gespent.

De Schäfferot,

Roland Schreiner, Buergermeeschter

Paul Weimerskirch, Schäffen

Carlo Feiereisen, Schäffen