02.10.2017

Abschid vum Buergermeeschter

E Freideg, den 29. September 2017 war déi lescht Gemengerotssitzung vun dëser Legislaturperiode. Et war net nëmmen de leschte Gemengerot virun de Walen, mee och déi leschte Sitzung vum Roland Schreiner a senger Funktioun als Schëfflenger Buergermeeschter. Hien huet decidéiert den 8. Oktober net méi bei de Walen unzetrieden, an domat an seng wuelverdéngte Pensioun ze goen. Zudeem war et och de leschte Gemengerot fir déi zwee Gemengeréit Sylvie Weyrich-Zwick (LSAP) an den Norbert Carl (CSV), déi elo ebenfalls an hier politesch Retraite ginn.

De Roland Schreiner ass säit dem 1. Januar 2003 Buergermeeschter vun senger Heemechtsstad. Säitdeem huet hien sech mat vill Engagement fir seng Gemeng an natierlech virun allem fir d’Leit agesat. Hien huet während senger gesamter Carrière als Buergermeeschter d’Gemeng weider no vir gedriwwen an d’Liewensqualitéit fir d’Schëfflenger Leit ëmmer weider optiméiert.

De Roland Schreiner bléckt allerdéngs net nëmmen op 14 Joer als Buergermeeschter zeréck, mee op 30 Joer politesch Carrière zu Schëffleng. Bei senger éischter Kandidatur bei den Walen 1987 gouf hien direkt an de Gemengerot gewielt. 1992 huet hien de Posten vum zweete Schäffen iwwerholl. An zéng Joer dono,  2003, huet hien als Nofolger vum Nelly Stein,  d’Funktioun als éischte Bierger vun Schëffleng iwwerholl.

An senger Abschidsried am Gemengerot huet de Buergermeeschter betount, dass hien op eng Partie flott Joeren zeréckbléckt. Hien huet all de Gemengerotsmemberen e grousse Merci ausgeschwat, fir hir Hëllef an hir konstruktiv Aarbecht. Hien huet betount, dass et him eng grouss Éier war sou laang Schëfflenger Buergermeeschter gewiescht ze sinn.

Den Norbert Carl a Sylvie Weyrich-Zwick goufen, wéi de Buergermeeschter och, mat engem klenge Cadeau an engem Bouquet Blumme verabschide. Den Norbert Carl huet dem Gemengerot säit 2003 ugehéiert. D’Sylvie Weyrich-Zwick war vum 31.08.2006 bis den 24.11.2011 an vum 29.08.2016 Member vum Gemengerot.

Mär wënschen op dëser Plaz dem Roland Schreiner, dem Sylvie Weyrich-Zwick an dem Norbert Carl alles Guddes an hirer Pensioun a soen hinnen op dëser Plaz am Numm vun allen Schëfflenger Leit  e grousse MERCI fir alles, wat si fir Schëffleng geleescht hunn.