15.09.2017

Rentrée scolaire an de Schëfflenger Schoulen

Een Dag virum offizielle Schoulufank si gëschter Donneschden, de 14. September d’Enseignants, d’Léierinnen an d’Schoulmeeschter an all aner Intervenanten aus de Schoulen, e.a. d’Educateuren an d’Remplaçante op eng Informatiounsversammlung geruff ginn.

A Präsenz vun de Mataarbechter aus dem Schoulservice, de Memberen aus der Schoulkommissioun, dem Buergermeeschter Roland Schreiner an dem Schäffe Carlo Feiereisen huet de Schoulschäffe Paul Weimerskirch a senger Begréissungsried allen e gudde Start an dat Neit Schouljoer gewënscht a Merci gesot fir d’Engagement am Déngscht vun de Schoulkanner.

Et ass de Moment vill Beweegung an eise Schoulen. Eis Gebaier si moderniséiert ginn, besonnesch héich sinn d’Investitiounen am Beräich vun der Informatik an de Schoulgebaier. Den Inspektorat gëtt duerch eng Regionaldirektioun ersat, an och um pädagogesche Plang ginn et eng Rei vu neien Elementer, déi dëst Joer an de Schoule fir d’Schüler eng wäertvoll Stäip solle sinn. De Schoulservice baut op den Engagement vun den Enseignants, wuelhoffend op eng gutt Zesummenaarbecht tëschent Schoul, Elteren a Gemeng.

Derzäit si ronn 1055 Schoulkanner ageschriwwen, dovunner 520 mat Lëtzebuerger Nationalitéit. Och eng Rei Kanner mam Statut vum Réfugiés ginn an eisem Fondamental op d’Liewe preparéiert. Ronn 125 Persoune léieren an ënnerriichten eis Kanner. 13 Klassen an der Nelly Stein Schoul, 22 an der Lydie Schmit Schoul a 29 Klassen an der Albert Wingert Schoul. Am Laf vun der Sitzung sinn eng Rei administrativ-technesch Problemer ugeschwat a gekläert ginn.

Uschléissend huet de Buergermeeschter d’Wuert ergraff. De Roland Schreiner huet alle Merci gesot, déi fir d’Schoulorganisatioun Responsabilitéit droen. Eng Rei vu Neierunge – d’Bëschspillschoul ass agefuerdert ginn, de Précocen offréiert d’Méiglechkeet vun der Ganzdagsbetreiung, d’Zesummenaarbecht mat der Maison Relais gëtt gestäerkt – sinn a senger Ried zur Sprooch komm.

Duerno huet d’Gemeng op e Frëndschaftspatt invitéiert. Dës Sitzung huet alle Participanten d’Geleeënheet offréiert een éischte kléngen Austausch ze hunn, grouss a kléng Doléance ze klären a ebe mat Äifer a neiem Elan un déi net ëmmer einfach Aufgab erunzegoen.