11.09.2017

Ouverture vum Ferriminera-Festival

E Freideg den 8. September 2017 ass zu Schëffleng de Ferriminera-Festival ugaangen. Dëst ass déi zweet Editioun vum Festival, déi éischt war am Joer 2015.

Dëst kéier ass de Festival lass gaange mat engem Concert vum Serge Tonnar an senger Band Legotrip. Dat ganzt huet natierlech traditionell am Spigelzelt op der Place Grand-Duchesse Charlotte stattfonnt. Dës d’Zelt huet natierlech och dëst Joer nees fir eng ganz speziell a gemittlech Ambiance gesuergt, mat senger schéiner Dekoratioun, bannen a bausse vum Zelt.  Et waren eng ganz Partie Leit aus Schëffleng an der Ëmgéigend zur Ouverture komm.

Fir de klengen Honger tëschenduerch goufen d’Visiteure virun den Diere vum Spigelzelt vun engem „Foodtruck“ mat Hamburger an allen Zorten a Variatioune versuergt.

Fir den Owend unzefänken hat de Buergermeeschter Roland Schreiner eng kuerz Erëffnungsried gehale souwéi och de President vun der Jugendkommissioun Sven Kill. Allen zwee hunn e grousse Merci un all Leit adresséiert, déi un der Organisatioun vum Festival bedeelegt sinn.

Alles an allem war et e ganz gelongenen Owend. D’Spigelzelt war gutt gefëllt, hei gouf mat freet Musek gelauschtert, virun der Dier gouf giess a gebraddelt.

De Festival offréiert nach des ganz Woch eng ganz Rëtsch un Evenementer, esou wei Workshops fir Jonker. Den gesamte Programm fannt dir op eisem Site ënnert “Actualités” an an eisem Kalenner op der Startsäit vun www.schifflange.lu.