11.09.2017

Ferriminera: Concert vum David Ianni

De Schäfferot vun der Gemeng Schëffleng invitéiert am Kader vum “Ferriminera-Festival” ganz häerzlech op de Concert vum Pianist

“David Ianni”

Donneschdes, de 14. September 2017 um 19:30 Auer am Spigelzelt op der Place Grand-Duchesse Charlotte.

      Den David Ianni, e fréiere Schëfflenger Jong, ass mat senger klassescher Pianosmusek an der ganzer Welt ënnerwee. Mat sengem Projet “My Urban Piano” reest hien mat senge Kompositiounen duerch déi zwielef europäesch Kulturhaaptstied, an widmet all Stad en eegent Lidd. Zu all Lidd produzéiert hien a säin Team e Museksvideo.

Um Concert zu Schëffleng presentéiert hien nieft senger eemoleger Musek och bis elo realiséiert Videoen. Ënner anerem steet d’exklusiv Première vum Video vu senger drëtter Episod vun “My Urban Piano”: “Joy” um Programm.

Mer hoffen Iech a grousser Zuel begréissen ze kënnen.