06.09.2017

« We have seen… » – Ausstellung

Mënschen déi wéinst Gewalt oder Krich hier Heemecht musse verloossen an op der Flucht si musse gehollef kréien. An genau dat ass et wat d’asbl „Catch a smile“ mëscht. D’Membere vun der asbl reese regelméisseg op déi néideg Plaze fir Refugiéen sur Place ze hëllefen, fir si mat Iessen, Gedrénks a Kleeder ze versuergen.

Dat wat si op hire Reesen a bei hiren Hëllefsaktioune gesinn an erlieft hunn, gouf an enger Fotosausstellung festgehalen. Dës Ausstellung gëtt tëschent dem 6. an 8. September 2017 op der Schëfflenger Gemeng an der Salle Grand-Duc Jean ausgestallt. De Vernissage vun der Ausstellung war de 5. September. D’Visiteure ware vun de beweegende Fotoen impressionnéiert.

Déi ronn 125 Fotoen weise wei d’Situatioun a verschiddene Grenzregiounen an Europa, wou d‘Réfugiéen sech a grousser Zuel ophalen, ausgesäit a wéi d’asbl den Leit hëlleft an se net nëmme mat Kleeder engem Iessen oder Gedrénks versuergt, mee och probéiert hinnen e Laachen ze entlackelen, ebe genau wéi den Numm vun der asbl et scho seet „Catch a smile“.