31.08.2017

STREIKGEDENKFEIER VUM 31.AUGUST 2017

Ried vum Buergermeeschter Roland SCHREINER

Här Minister,
Här Deputéierten,
Léif Kolleginnen a Kollegen aus dem Schäffen- a Gemengerot,
Léif Vertrieder vun de Resistenzorganisatiounen,
Léif Représentant’en vun de Gewerkschaften,
Dir Dammen an Dir Häre vun Arcelor/Mittal,
Frënd Jos Steichen, Zäitzeien aus dem sowjetesche Krichsgefaangenelager vun Tambow,

Dir Dammen an Dir Hären,
Léiw Frënn,

Fir d’aller éischt wëll ech Iech alleguerten en häerzleche Merci soen, dass Der Iech zu esouvill Zäit geholl hutt, fir haut op den 31. August mat eis zesummen un dëser Gedenkzeremonie deelzehuelen. Den 31.August ass a bleift e wichtegen Datum an der Geschicht vun eisem Land, eiser Heemecht, a besonnesch vun eiser Gemeng. En Datum deen e Symbol vun der Solidaritéit an eiser fräier Gesellschaft ass. Des ëmmer nees ergräifend Gedenkzeremonie huet duerfir zënter Joren am Kalenner vun der Schëfflenger Gemeng, eise Resistenzorganisatiounen, eise Veräiner, eise Leit, hier fest Plaz, well den 31. August ass a bleift fir Schëffleng en Dag vu grousser Trauer, vu batterer Erënnerung, awer och vun Opbroch. Et soll awer och derniewent en Dag sinn, wou mer all zesummen onmëssverständlech zum Ausdrock bréngen, dass mer, iwwert d’Bedeitung vum Dag selwer ewech, all Form vu Gewalt, ob physesch, psychesch oder materiell, an och hier Verherrlechung, op dat Schäerfst veruerteelen.

Den 31.August 1942, haut viru 75 Joer, hunn Schëfflenger Jonge, Aarbechter, op eiser Schmelz sech géint eng friem Diktatur opgeworf. Mer kommen elo grad vun der Schmelz, wou mer hinnen nach eng Kéier besonnesch geduecht hunn. Si hunn hier Aarbecht néiergeluecht, obscho si wahrscheinlech ganz genee woussten, wat si géife riskéieren. No dem Motto « Léiwer dout, wéi net fräi » hu si domat virun der ganzer Welt gewisen, wat si vun deene gehalen hunn, déi an eisem Land mat Waffegewalt eis Populatioun ënnerdréckt a versklaavt hunn, eis Jugend an eng friem Uniform forcéiert hunn, all Aneschtdenkend agespaart, verschleeft an ëmbruecht hunn, a ganz Familljen ausernee gerappt an déportéiert hunn.

Den 30. August 1942 huet de Gauleiter Simon a sengem « Verordnungsblatt » héich offiziell matgedeelt, dass d‘Lëtzebuerger Jongen vun de Joergäng 1920 bis 1924 op besonnesche Stellungsbefehl vum Adolf Hitler géifen an déi däitsch Wehrmacht agezu ginn. Dat war en ongeheiere Schlag an d’Gesiicht vum ganze Lëtzebuerger Vollek. Dat wollt sech dësen Affront awer net bidde loossen an huet scho gläich deen Dag drop solidaresch mat engem Streikopruff geäntwert. Eis Leit op der Schmelz hun sech gewiert, op hier Manéier ! Si hunn domat, villäicht onbewosst, e Signal ginn dat deemools an der ganzer Welt verstane ginn ass, a wat haut nach lieweg ass. Zesumme mat villen anere Patrioten a Verdeedeger vun der Fräiheet, besonnesch deene ville Märtyrer vu Wolz, sinn si et déi e Kapitel an eiser Geschicht geschriwwen hunn, dat kee vun eis Lëtzebuerger vergiesse soll. Duerfir gehéieren hier Nimm och an eis Geschichtsbicher an op eng Éiereplaz.

Mueres goung et zu Wolz un, an am spéiden Nomëtteg, um 6 Auer, huet op der Schëfflenger Schmelz, den Hans Adam d’Sireene vun der Steierbühn gezunn an domat d’Zeeche ginn, fir d’Aarbecht néierzeleeën an heem ze goen, esou wéi d’Leit ëm den Eugène Biren dat virdrun an der Walzendréierei besprach a geplangt haten.

Dëse grad esou onverhoffte wéi couragéierte Streik, deen sech lues awer sécher iwwert d’ganzt Lëtzebuerger Land an a bal alle Volleksschichten ausgebreet huet, huet engersäits an der ganzer fräier Welt en immensen Echo fonnt, anersäits awer och eng barbaresch Äntwert vun den ieweschten NS-Dirigenten an hire sadisteschen an zu allem bereeten SS-Hëllefsleit erop beschwuer. An déi Äntwert sollt vill Béises a ganz vill Schlëmmes mat sech bréngen. Mat ëmmer méi schrecklechen an onerhéierten Aktioune sinn déi däitsch Arméi- an Zivil-Kommandoe géint déi vun hinne gesichten « Ustiwwele a Matleefer » vum Lëtzebuerger Generalstreik virgaangen. Et war dat de schroen a bluddegen Ufank vun enger totaler Ënnerdréckung, déi fir vill Lëtzebuerger, vun der Angscht an dem Schreck, iwwert d’Verhaftung an de Prisong bis an d’Kazett an do an den Doud féiere sollt.

Déi Lëtzebuerger, a besonnesch déi Schëfflenger, déi eigentlech fir méi gestuerwe si wéi fir dee Streik, hunn net verdéngt, dass d’Gläichgültegkeet lues a lues alles wat si fir d’Fräiheet vun eisem Land gemaach hunn, an de Vergiess gerode léisst.

Mer als nofolgend Generatiounen, hunn ganz einfach d’Pflicht eis un si ze erënneren a mer mussen och eise Kanner soen, dass et mussen esou Leit ginn, déi sech wiere wann Onrecht geschitt an déi d’perséinlech Fräiheet verdeedege wann et néideg ass. Déi perséinlech Fräiheet déi deen eenzege Garant vun eiser Demokratie ass. Ouni esou Leit, an ech wëll hei och ausdrécklech d’Leit ëm den Albert Wingert, de Wenzel Profant, de Raymond Arensdorff an de Jean Doffing aus der ALWERAJE ernimmen, wär fir eis all, dat Wuert « Fräiheet » schonn laang nëmme méi en abstrakte Begrëff, dee mer just nach aus de Bicher géife kennen.

Et muss ee jo wëssen, dass Streik deemools an Hitler-Däitschland e Kapitalverbrieche war. Op Streik stoungen, schonn a Friddenszäiten, déi schwéierst Strofen. Mä dass elo matten am Krich, an engem besetzte Land, zu engem kritesche Moment, et zu engem Streik koum, och nach an engem Stolwierk, wou jo e wichtegen Nerv vum ganze System getraff gouf, dat war natierlech en Dolchstouss an de Réck vun der Wehrmacht.

Hier Reaktioun war duerfir och deementspriechend. Den zivillen Ausstand ass iwwer Schëffleng an Esch verhaange ginn an e Standgeriicht gouf agesat.

D’Aarbechter vun der Mëttesschicht sinn all verhéiert ginn, 59 goufe festgeholl an ausgepresst, an dat op eng brutal Aart a Weis. Mä keen huet deen anere verroden. Den Hans Adam, no deeglaangen a qualvolle Verhéieren, a wahrscheinlech fir seng Kollegen ze schützen, huet sech schlussendlech selwer als den Urheber vum Streik ausginn. Hien gouf de 9.September zu Köln-Klingelpütz op eng bestialesch Manéier ëmbruecht. Bluttrout Plakater hunn duerno d’Ermuerdung vum Eugène Biren bekannt ginn. Ausser dem Hans Adam an dem Eugène Biren goufen nach 20 weider Lëtzebuerger Patrioten aus allen Deeler vum Land wéinst der Streikaktioun zu Hinzert erschoss.

Den onnëtzen 2.Weltkrich huet a ville Länner ganz vill Affer gefuerdert. 8.171 Doudesaffer hat Lëtzebuerg ze bekloen, vun deenen der 3.150 a preisescher Uniform un der Front gefall sinn oder nach vermësst bleiwen. 791 Lëtzebuerger sinn a Prisongen a Kazetter ënner onmënschleche Strapaze gestuerwen oder dout gemaach gi fir eist klengt Lëtzebuerg eng schlëmm Bilanz, déi och 85 Schëfflenger opféiert….85 ze vill !

Dat wat 1942, viru 75 Joer, op eiser Schmelz geschitt ass, dat wat kuerz drop an an deene Wochen duerno als Repressioun vun de Preise geschitt ass, dat kritt eng ganz besonnesch Bedeitung wann ee verfollegt wat haut a ville Länner op der Welt nach ëmmer passéiert. Keng Ideologie, wéi se och heescht, ass sech och haut nach ze schued, fir dat selwecht an hirem Muechtberäich ze maachen, wat d’Preisen deemools mat eise Leit gemaach hunn. An dobäi geet et ausschliisslech em Muecht a Geld, an dobäi gëtt keng Récksiicht geholl op onschëlleg Leit a Kanner. Al Kaida, Islamesche Staat, Boko Haram an aner terroristesch Organisatioune priedegen a seeën Haass a Gewalt. A wéi enger Welt liewe mer eigentlech ? An déi aktuell Flüchtlingsproblematik, mat der Europa konfrontéiert ass, ass eng Konsequenz vun Terrorismus, Krich an Aarmut op eiser Welt.

An duerfir ass et och haut wichteg, dass iwwerall de Widderstand bestoe bleift, sou wéi dat och 1942 hei zu Lëtzebuerg de Fall war. Déi Leit vollzéien dat no, wat den Hans Adam, den Eugène Biren a vill anerer an eisem klenge Land viru 75 Joer gemat hunn. Eis Leit hunn keng Gewalt ugewend fir hier Konditiounen ze änneren, si hunn « nëmmen » gestreikt ! An trotzdem hu si als Reaktioun op hire Streik d’Gewalt an hiren extreemsten Ausdrocksformen ze spiere kritt. Si hunn gelidden a si gestuerwe fir Gerechtegkeet a fir Fräiheet. Fir dass hir an eis Kanner haut als fräi Mënschen op d’Welt kommen.

Mer erënneren eis haut an Dankbarkeet un déi, déi hiert Liewe verluer hunn, déi déportéiert goufen, déi drangsaléiert, geschloen a gedemütegt goufen. Alles dass mer haut an engem klengen, mä fräie Land liewe kënnen.

Déi Leit deene mer haut gedenken, verdéngen eisen déiwe Respekt a mer sollten all zesumme versichen, dee Respekt och un déi Generatiounen no eis, eis Kanner a Kandskanner, virun ze vermëttele fir dass esou eppes nie méi virkënnt.

An just duerfir ass et wichteg, dass mer eis all Joer den 31.August op dëser Plaz erëm gesinn.

Ech soen Iech Merci fir Är Präsenz an Är Opmierksamkeet !