28.07.2017

Europa lieft, Europa spillt Futtball an danzt

Schëffleng bei der 25te Editioun vum Eurofestival an der Vendée (Deel 4)

Et war knapp an d’Team Schëffleng hätt am Futtball eng Medail gewonnen. Als Gruppenzweeten stoung eis Equipe an der Véierelsfinall géint Irland a gewënnt no Eelefmeterschéissen, huet dunn awer leider an der Halleffinall géint Litauen verluer. Am Spill ëm déi drëtten Plaz hunn dunn d’Schotten gewonne. Eng éierevoll véierte Plaz deemno, an eng zefridden Equipe vu Schëffleng. Den Eurofestival steet och fir Folklormusék, ewéi all Joer huet déi spuenesch Delegatioun fir vill Stëmmung gesuergt. Gëschter Owend huet de Museksgrupp de Musical Melusina ënnert der Leedung vum Eric Gherardy virgestallt.

La Châtaigneraie ass eng léif kleng Uertschaft mat ville pittoresken Ecker a Charme. Eng Stadt, een Duerf eigentlech, wou déi ekonomesch Entwécklung sech als relativ duerstellt. De Buergermeeschter Nicolas Maupetit ass allerdéngs voller Hoffnung, datt et deemnächst nees biergop geet. Och den Eurofestival ass wichteg fir d’Regioun ronderëm La Châtaigneraie, sot hien am Gespréich mam Schäffe Paul Weimerskirch, deen den Eurofestivalteam Schëffleng begleet huet.