24.07.2017

Europa lieft, Europa ass faarweg

Schëffleng bei der 25te Editioun vum Eurofestival an der Vendée

Ronn 50 Leit aus de Veräiner vu Schëffleng sinn e Samschden zu „la Châtaigneraie“ ukomm fir zesumme mat 13 aneren Lännerdelegatiounen den Eurofestival ze feieren. Dëse Meeting ass de Rendez-vous vu den europäesche Bierger a Kulturen. Um Programm sti sportlech Kompetitiounen an de kulturellen Austausch. Déi kléng Dierfer vum „Pays de la Châtaigneraie“ – alleguer mat Charme a pittoreske Gebaier – si prett fir während e puer Deeg den Zentrum vun Europa ze sinn.

Och déi Schëfflenger Delegatioun ënnert der Leedung vum President Lex Stammet a vun der Sekretärin Josiane Dahm, alle béid aus dem Eurofestivalteam Schëffleng, ass voll motivéiert fir un de Kompetitiounen Basketball, Pétanque, Football a Fiederball ze participéieren. Mat dobäi och eng Strëpp vun der Schëfflenger Musék, déi de Musical Melusina presentéiert an fir de Stroossentheater responsabel ass. Um Programm dann och nach de Fotoconcours, wou de Romain Thorn flott Biller fanne wäert an de Molconcours mat der Kënschtlerin Viviane Briscolini. Donieft gëtt och eng kulinaresch Spezialitéit aus Lëtzebuerg gekacht.

Gëschter waren d’Zeremonie d’Ouverture an der Kierch mat enger ökomenescher Feier, duerno d’Opening Parade mat dem Ëmfang am Eurovillage, wou sech alles ofspillt. Leider huet d’Wierder net bis zum Schluss matgespillt. Egal vun haut Méinden, dem 24 Juli bis e Freiden geet et lass. „Europa lieft, Europa ass faarweg. An d’Sonn, déi sech hannert de Wolleke verstoppt huet, ass an den Häerzer vun de ronn 500 Leit, déi sech an der Vendée afonnt hunn,“ esou déi verschidde Riedner bei der Erëffnungszeremonie. Nieft dem Gastgeber a Lëtzebuerg participéieren Arenda de Duero (aus Spuenien), Athlone (Irland), Dunnoon (Schottland), Bad Segeberg (Däitschland), Frederikssund (Dänemark), Zlocienec-Wierzchowo (Polen), Szentendre (Ungarn), Radviliskis (Litauen), Rezekné (Lettland) a Raseborg (Finnland).

Et gi sécherlech flott an interessant Deeg mat faarwegen a phantasievollen Spektakelen.