18.07.2017

Am Alter fit bleiwen

Sport ass net nëmmen eppes fir déi jonk Leit. Och am Alter ass et wichteg fit ze bleiwen an den Kierper gesond ze halen. D’Schëfflenger Gemeng bitt doweint all Joer d’Seniorenturnen un.

Dëse Cours gëtt vum Myriam Sagramola geleet an ass e Mol d’Woch, all Dënschden vun 15.30 bis 16.30 Auer am Turnsall vun der Lydie-Schmit Schoul. Fir déi ganz motivéiert, die nom Turnen nach fit sinn, besteet och d’Méiglechkeet vun 16.30 bis 17.30 um Schwammcours deelzehuelen.

An den Schoulvakanzen ass allerdéngs Paus, sou och elo iwwert d’Summervakanz. Dëst ass Zäit fir e bëssen ze reposéieren fir dass et am Hierscht nees voll lass kann goen.

Fir dës Saison ofzeschléissen sinn all d’Participanten, déi dëst Joer um Seniorenturnen deelgeholl haten zesummen iessen gaangen. No engem Joer voller Sport an Beweegung haten se sech dëst och verdéngt.

Vue dass d’Seniorenturnen net nëmmen do ass fir den Kierper fit ze halen mee och nei Leit kennen ze leieren an sech auszetauschen an ze braddelen, ass och fir d’Rentrée 2017/2018 nees jiddereen häerzlech Wëllkomm beim Seniorenturnen matzemaachen. Och wann an dësem Joer haaptsächlech Fraen mat dobäi waren sinn awer och Männer Wëllkomm an den Turncoursen. Dëst Joer waren et 25 Participanten déi un den Coursen deel geholl hun.

D’Gemeng géing sech freeën och bei der Rentrée am Hierscht nees esou vill Leit kennen am Seniorenturnen ze begréissen.