11.07.2017

Den « European Peoples’Festival » kënnegt sech un !

Ënnert dem Moto „Let’s Go“ steet vum 22. bis den 29. Juli 2017 zu „La Châtaigneraie an der Vendée/Frankreich die 25. Editioun vum beschtbekannten Eurofestival un.

Ënnert deene 15 Natiounen dei dëst Joer um Eurofestival deelhuelen,  ass och nees eng 50 Mann staark Equipe vu Schëffleng die d’Faarwe vu Lëtzebuerg vertrëtt.

„Happiness“ geet während der Woch vum Eurofestival grouss geschriwwen an esou ass dann och d’Thema vum Festival.

All Dag geet et um 09.00 Auer mat de sportlechen a kulturelle Competitioune lass, éier owes e Concert am Eurovillage den Ofschloss vun engem gelongenen an hoffentlech erfollegräichem Dag mécht.

 Folgend Sportaarte stinn um Programm: 

Fussball, Basketball, Petanque, Badminton a Schwammen.

Wat de kulturelle Beräich ubelaangt, do musse mär eis an der Photographie, am Molen, beim Kachen, am Stroossentheater souwéi bei enger Bühneshow  mat deenen anere Länner moose loossen.

Mär drécken op alle Fall elo schon eiser Equipe ganz fest Daumen a sinn iwwerzeegt dass sie och dëst Joer nees ënnert am Generalklassement ënnert deene Beschten ze fanne sinn.

Um Site „Eurofestivalletsgo.com“ fann dir all wieder Informatiounen.