03.07.2017

Vernissage vun der Ausstellung „Tour de France“

De Schäfferot, de Schëfflenger Vëlo-Club an de Fan Club Ben Gastauer hun des Ausstellung zesummen organiséiert. Biller, Photo’en, Trikot’en an alles ronderëm de Vëlo a seng Geschicht sinn ze gesinn. De Wee an d’Galerie d’Art vum Syndicat d’Initiative lount sech.

D’Ausstellung ass nach vun Dënschdes, de 04.07 bis Freides, de 07.07 a Sonndes, den 09.07.2017 all Kéier vun 15.00 – 19.00 Auer ze gesinn.

Mär hoffen Iech a grousser Unzuel begréissen ze kënnen.

E spezielle MERCI geet un de Jean-Claude Hansen a seng Equipe vum Schëfflenger Vëlo-Club déi sech perséinlech em d’Ausriichten vun der Ausstellung gekëmmert hun an och „Fête populaire“ op der Gemengeplaz während dem Weekend vum 01.07 – 03.07 exemplaresch organiséiert hun.