30.05.2017

Virstellung vun der neier CD vum Philippe Schartz a Paul Breisch

Den 29.05.2017 ass dem Philippe Schartz a Paul Breisch hir nei CD „Musique pour Trompette et Orgues“ op der Schëfflenger Gemeng offiziell virgestallt ginn.

Am Dezember 2016, ass CD vun deenen zwee talentéierte  Museker an der Schëfflenger Kierch opgeholl gin. Ophänker wuar die fonkelnei Uergel die zanter Kuerzem an der Kierch steet a vun der Gemeng finanzéiert ginn ass.

De Philippe Schartz ass e Schëfflenger Jong a huet mat 8 Joer seng Léift fir d’Musek a virun allem fir Trompette entdeckt an zanterhier ass Trompett seng Leidenschaft. Zanter 27 Joer lieft hien elo schon an England an ass éischte Solo-Trompettist bei der BBC! Seng Heemecht huet hien awer nie vergiess a kennt reegelméisseg nees zeréck op Schëffleng.

De Paul Breisch, deem seng Originnen och zu Schëffleng léien, ass zanter 2006 Organist an der Kathedral. Och hien spillt mat Leidenschaft Musek an ass mat Häerz a Séil dobäi. Hien war direkt bereet mam Philippe des nei CD ze realiséieren.

Wann Dir un dëser wierklech gelongener CD  interesséiert sidd, kritt Dir se op der Gemeng am „Guichet unique“ fir 15.-€ ze kafen. Den integralen Erléis ass fir „Schëffleng Hëlleft.

MERCI AM VIRAUS.