Virstellung vum Film « L’arrivée de la jeunesse »

Am Kader vun Esch2022, presentéiert d’Gemeng Schëffleng an Zesummenoarbecht mat der Associatioun PassaParola de Film « L’arrivée de la jeunesse ». Dëse Film vum Realisateur Fabio Bottani, deen och e puer Wieder zu senger Oarbecht wäert soen, behandelt d’Thema vun der italienescher Immigratioun zu Lëtzebuerg.

De Film leeft de Mëttwoch 28. September um 20.00 Auer am Hall Polyvalent zu Schëffleng (rue Denis Netgen).

D’Entrée ass fräi. Denkt trotzdeem w.e.g. drun Äerch unzemelle via scc(at)schifflange.lu oder um 54 50 61-303.