Terre Rouge & Däischter Deeg · Concerten & Film · by Ferro Forum

Däischter Deeg – Minett Poesie mam Fränz Hausemer

Concerts : 26. & 27.09.2025, 20:00 Auer, Atelier Central, Metzeschmelz

En Hommage un de Gaston Rollinger (1946-2024), Dichter a Film Pionéier aus der Hiel.

De Gaston Rollinger huet säi ganzt Liewen am Quartier Hiel zu Esch verbruecht. An dësem Mikrokosmos um Fouss vum Kazebierg, tëscht der franséischer Grenz, der aler Brasseur Schmelz, de Weieren an de Minièren am Ellergronn sinn och seng ronn 40 Gedichter op lëtzebuergesch entstanen. Ouni Pathos, ma net ouni Humor, schwätzen si an enger direkter, billerräicher Sprooch universell Theme wéi d’Liewen, d’Aarbecht, den Doud an d’Vergänglechkeet un. D’Hiel an de Niddergang vun der Eisenindustrie bidden dozou den Décor. De Museker a Regisseur Fränz Hausemer huet sech wärend e puer Joer intensiv mat sengem Wierk beschäftegt an eng Partie vu senge Gedichter vertount. Dorauser sinn de ganz intimistesche Musek Album « Däischter Deeg » (2024) an den Dokumentarfilm « TERRE ROUGE-Topographie du poète », deen 2025 vum Luxembourg City Film Festival selektionéiert gouf, entstanen.

Am historeschen Zentral Atelier vun der Metzeschmelz treffen d’Téin a Biller aus dësem poetesch-cinematographesche Concert op de Stol an de Stëbs aus der Héichzäit vun der Lëtzebuerger Eisenindustrie. Chanson, Jazz a filmesche Klangwelten am Dialog mam Geescht vum Stolwierk.

Mat : Fränz Hausemer Piano, Stëmm Greg Lamy, elektresch Gittar Benoît Martiny, Batterie, Perkussioun Luciano Pagliarini, Saxophon Benoît Legot, Kontrabass Renata Van der Vyver, Viola Daniel Pagliarini, Akkordeon Marco Lorenzini, Rezitatioun

 

Film « Terre Rouge – Topographie du poète » : 25.09.2025, 20:00 heures, Atelier Central, Metzeschmelz

Terre Rouge est un portrait intime d’un poète et cinéaste âgé, qui vit en solitaire dans la maison de son enfance à Esch-sur-Alzette : Gast Rollinger (1946-2024). Ce lieu, tel un refuge où le temps semble suspendu, se trouve au coeur d’un paysage où vestiges industriels et nature sauvage se croisent. Il puise dans ces lieux toute son inspiration. À travers ce documentaire, le spectateur plonge dans l’univers du protagoniste, qui partage des anecdotes décisives de son enfance et de sa vie, marquée par sa passion pour le cinéma et son regard de poète. A ce portrait d’un homme singulier, se mêle sa poésie, mise en musique dans des morceaux envoûtants par le réalisateur et mu-sicien Fränz Hausemer, permettant de saisir ses pensées sensibles et profondes ainsi que son regard sur le monde.

Ticketen :

  • Concert « Däischter Deeg » : 20 € / 15 € (Memberen)
  • Film « Terre Rouge » : 8€
  • Ticketsverkaf iwwert de Site : http://www.ferroforum.lu

 

Accès fir déi 3 Deeg:
Depart Navette, Portal Lalléng, (Parking A. Meyer) ab 19:00 Auer
 

  • Cast : Marco Lorenzini, Gaston Rollinger
  • Scénario : Fränz Hausemer
  • Image : Nikos Welter
  • Son : Mike Butcher, Ingo Dumlich, Philippe Kohn, Alain Goniva, Labio Tsaganas
  • Musique : Fränz Hausemer
  • Production : JUCAM, Centre National de l’Audiovisuel

Kontakt: