Soirée des lauréats 2021

De 17. November 2021 fënnt ab 19.00 Auer am Hall Polyvalent nees d’Soirée des lauréats statt. Wärend dësem Owend éiert de Schäfferot zesumme mat der lokaler Sport-, Kultur a Fräizäitkommissioun all Schëfflenger, deen eppes besonnesches déi vergaangen 2 Joer an de Beräicher Sport oder Kultur erreecht huet.

Dës Veranstaltung ass oppe fir de Public. Wéinst dem COVIDCHECK sinn d’Dieren schonn ab 18.15 op. Kommt w.e.g. spéitstens 15 Minutten éih et lassgeet.