Schëfflenger Fest 2024

FR
Célébrez avec nous la Fête nationale au Schëfflenger Fest !

 

Vendredi, le 21 juin 2024

Le 21 juin, le coup de départ de la fête est prévu pour 16.00 heures sur la Place de la Liberté et dans le Schëfflenger Haff. C’est avec un spectacle de blues, de pop-rock et de folk donné par les Pangies que nous commencerons ce week-end créatif à 16.45. Avec leur harmonica, leur guitare et leur voix, ils préparent le ton des deux journées plein de surprises. Après un accueil officiel à 18.00, le groupe Fernanda Stange montera sur scène à 18.30 et nous fera danser, dès le début de la soirée, avec leurs propres chansons ainsi que des reprises. À 20.00, The Gazmen, composé d’un duo de producteurs luxembourgeois, ainsi que de Lata Gouveia, Vinylic et Remo Cavallini apporteront un mélange varié au Schëfflenger Fest avec leurs hits inspirés de la musique pop, soul et funk. La suite sera tout aussi passionnante avec What the Funk, un cover band luxembourgeois qui montera sur scène avec ses 11 musiciens. Le groupe plongera le public dans la nostalgie avec des chansons allant de James Brown aux Blues Brothers. Cette journée passionnante sera complétée par une prestation du DJ Davka, qui a déjà fait fureur lors de la Schëfflenger Fest en 2023. Cette année aussi, il convaincra avec de la musique électro et soul. Tout au long de la journée, les associations de Schifflange proposeront des délices variés.

Au cours de l’après-midi et de la soirée, ainsi que toute la journée du samedi, nous aurons la possibilité de profiter de l’impressionnant carrousel de la Compagnie des 4 Saisons « L’arbre nomade » au Schëfflenger Haff, qui aura une hauteur impressionnante de 4,5 mètres et sera un autre point fort du festival. En outre, vous serez surpris par les spectacles de Joe Del-Toe et de Patrick’s Minibar e.a. Les associations de Schifflange nous divertiront également dans le « Family & Creative Corner » avec d’autres offres créatives.

 

Samedi, le 22 juin 2024

Le 22 juin, rendez-vous dès 11.00 sur la Place Grande-Duchesse Charlotte pour le traditionnel cortège. Après l’ouverture officielle du Schëfflenger Fest à midi, la journée se poursuivra avec des spectacles impressionnants. À partir de 13.30, vous pourrez apprécier la talentueuse jeunesse de la JMS Jugendmusek Schëffleng. À 14.00, les musiciens plus expérimentés de la HMS Schëfflenger Musek viendront présenter, cette fois-ci, un spectacle créatif en collaboration avec LëtzPole’n’Dance. Après ce début grandiose de la deuxième journée, d’autres moments forts se poursuivront au Schëfflenger Haff, où Rozeen nous divertira à 15.30 avec sa musique forte en émotions et en sensibilité. Accompagnez-nous dans ce voyage dans les mondes pop, soul et funk. Ensuite, nous continuerons sur la Place de la Liberté, où le club Le Travail Schifflange nous convaincra à partir de 16.15 avec des chorégraphies de zumba et d’impressionnantes acrobaties. Le suspense ne devrait pas s’arrêter là car cette représentation sera suivie d’autres moments fascinants au Schëfflenger Haff. Ici, il y aura deux spectacles sensationnels l’un après l’autre que vous pourrez suivre à partir de 17.30 : ne manquez pas l’impressionnante prestation de Micha Mangiafuoco et à partir de 17.45, admirez le fulgurant live-painting du Kamellebuttek sur l’une des sculptures Minett Flower.

Après ces prestations, les festivités se poursuivront, à partir de 18.30, sur la scène de la Place de la Liberté. C’est là que The Horse Blinders se produiront pour faire écouter, rire et danser les gens. Nous restons sur la Place de la Liberté et à 20.30, de Läbbel Session, issu de la culture hip-hop, prendra le relais. Si vous n’avez pas encore eu l’occasion d’assister à l’une de ces sessions, ne la ratez surtout pas. À 22.15, un autre grand moment arrive, où vous aurez la possibilité d’assister à un spectacle de LED DANCE&DRUMS. Après ce grand moment, nous aurons encore l’occasion d’écouter une prestation musicale. À 22.45, Skreen Brulee, un nouveau groupe formé en 2024, nous surprendra par sa fusion de différents genres. Cette soirée passionnante sera complétée, à partir de 23.45, par une prestation tout aussi captivante d’Almighty A, un DJ local qui a déjà convaincu les habitants de Schifflange par ses différentes prestations.

Venez nombreux faire la fête avec nous !

 

LU

Feiert mat eis zesummen Nationalfeierdag um Schëfflenger Fest!

 

Freides, den 21. Juni 2024

Den 21. Juni starte mir eist Fest um 16.00 op der Fräiheetsplaz an am Schëfflenger Haff. Mat engem Blues, Pop-Rock a Folk Optrëtt vu les Pangies starte mir um 16.45 Auer an dëse kreative Weekend. Mat der Harmonika, der Gittar an hirer Stëmm stëmme si eis op déi feierlech zwee Deeg an. No enger offizieller Begréissung um 18.00 Auer géif hei dann d’Bün um 18.30 Auer vun der Band Fernanda Stange iwwerholl ginn. Si wäerten eis mat eegenen, sou wéi Coversongs, schonn am fréien Owend zum Danze bréngen. Um 20.00 Auer iwwerhuelen dann The Gazmen e lëtzebuergesche Producer Duo. Ënnerstëtzt gi si vum Lata Gouveia, Vinylic an dem Remo Cavallini. Mat hiren un der Pop, Soul a Funk Musek inspiréierten Hits brénge si en diverse Mix op d’Schëfflenger Fest. Genau esou spannend geet et dann direkt mat What the Funk, enger lëtzebuergescher Coverband weider. Zu ganzer 11 wäerte si op d’Bün kommen an de Public mat Songs vun James Brown bis Blues Brothers nostalgesch gi loossen. Dëse spannenden Dag gëtt da mat engem Optrëtt vum DJ Davka ofgeronnt. Den DJ, deen d’Leit schonn 2023 um Schëfflenger Fest matrappe konnt, wäert och dëst Joer erëm mat Elektro a Soul Musek iwwerzeegen. De ganzen Dag bidden d’Schëfflenger Veräiner wéi gewinnt déi verschiddenst Delikatessen un. Iwwer de ganzen Nomëtteg bis an de fréien Owend, sou wéi och de ganze Samschdeg, wäert een dann och schonn d’Méiglechkeet hunn am Schëfflenger Haff vun dem impressionante Karussell La Compagnie des 4 saisons « L’arbre nomade » ze profitéieren. Dëst wäert mat enger Héicht vu 4,5 Meter e weidert Highlight um Fest sinn. Ausserdeem wäerte mir mat Showacts vum Joe Del-Toe a Patricks Minibar iwwerraschen. Och eis Schëfflenger Veräiner wäerten eis am “Family & Creative Corner” mat weider kreativen Offeren ënnerhalen.

 

Samschdes, den 22. Juni 2024

Den 22. Juni starte mir scho moies an d’Schëfflenger Fest. Um 11.00 Auer geet den traditionelle Cortège beim Kiosk lass. Nom offizielle Startschoss vum Schëfflenger Fest geet et direkt mat engem super Optrëtt un. Um 13.30 Auer kann ee sech hei vun der talentéierter Jugend vun der JMS Jugendmusek Schëffleng iwwerzeege loossen. Direkt do drun um 14.00 Auer kommen dann déi mei erfuere Museker vun der HMS Schëfflenger Musek, déi sech fir dëst Joer e kreativen Optrëtt an Zesummenaarbecht mat LëtzPole’n’Dance ausgeduecht hunn. No dësem faméisen Optakt vum zweeten Dag ginn d’Highlights dann am Schëfflenger Haff weider: hei géif um 15.30 Auer d’Rozeen mat senger staark emotional a sensibeler Musek begeeschteren. Uschléissend un dës Rees an d’Welte vum Pop, Soul a Funk, geet et an eng aner Richtung. Dëst erëm op der Fräiheetsplaz, hei iwwerzeegt eis de Veräin Le Travail Schifflange ab 16.15 Auer mat impressionante Zumba Choreographien sou wéi gymnastescher Acrobatique. D’Spannung soll och weiderhin net ophalen an dofir geet et uschléissend un dës Performance erëm zeréck an de Schëfflenger Haff. Hei erwaarden iech nach weider Highlights. Hannereneen zwee spektakulär Showacts stinn un: ab 17.30 Auer en impressionanten Optrëtt vum Micha Mangiafuoco an ab 17.45 Auer de fulminante Livepainting vum Kamellebuttek op enger vun hire Minett Flower Skulpturen.

No dëse kreativen Attraktioune geet eis d’Schëfflenger Fest ab 18.30 Auer dann op der Fräiheetsplaz op der Bün weider. Hei wäerten The Horse Blinders d’Leit mat hirem Optrëtt zum Lauschteren, Laachen an Danze bréngen. Mir bleiwen och weiderhin op der Fräiheetsplaz. Um 20.30 Auer iwwerhuelen hei De Läbbel Session, déi aus der Hip Hop Kultur kommen. Wann dir d’Chance nach net hat eng vun dëse Sessions kënne mat ze erliewen, dierft dir dëst net verpassen. Um 22.15 Auer kënnt et zu engem weidere grousse Moment: eng LED-DANCE&DRUMS Show. No dësem grandiose Showmoment gëtt et nach eng Kéier d’Chance e musikaleschen Optrëtt ze lauschteren. Um 22.45 Auer wäert Skreen Brulee, eng Band déi ganz nei am Joer 2024 zesumme komm ass, eis mat hirer Fusioun aus verschiddene Genren iwwerraschen. Ofgeschloss gëtt eist spannend Fest dann ab 23.45 Auer mat engem op mannst genau sou spannenden Optrëtt vum Almighty A, e lokalen DJ, deen d’Leit vu Schëffleng scho mat diversen Optrëtter iwwerzeege konnt.

Kommt also a feiert mat eis!