Orange Week 2024 – Naissance respectée – Lumière sur les violences obstétricales
Naissance respectée – Lumière sur les violences obstétricales
FR
La Commune de Schifflange, Aude Gastauer, Mathilde Elind et le Dr Bénédicte Simon vous invitent chaleureusement à une soirée intitulée « Naissance respectée – Lumière sur les violences obstétricales » le 9 décembre 2024 à 19:00 heures. Cette soirée, sur la thématique des violences obstétricales, comprendra la projection d’un documentaire, suivi d’une présentation et d’une discussion enrichissante avec les spectateurs.
Nous aurons le plaisir d’accueillir, entre autres, Aude Gastauer et Mathilde Elind, toutes deeux des kinés spécialisées en santé de la femme, ainsi que le Dr Bénédicte Simon, gynécologue-obstétricienne, qui aborderont les violences lors des accouchements, tant par césarienne que par voie basse.
Violences obstétricales – qu’est-ce que c’est ?
Les violences obstétricales se réfèrent aux abus et aux traitements inappropriés subis par les femmes lors de l’accouchement, que ce soit par voie basse ou par césarienne.
Dans le cadre des naissances par voie basse, ces violences peuvent inclure des interventions non consenties, des pressions pour accoucher rapidement ou des commentaires dégradants de la part du personnel médical.
D’autre part, les césariennes, souvent perçues comme une solution plus sûre, peuvent également être entourées de violences obstétricales, notamment lorsque la décision de recourir à cette méthode est imposée sans explication adéquate ou sans tenir compte des souhaits de la mère.
Ces expériences peuvent entraîner des conséquences psychologiques durables et soulignent l’importance d’un respect total des choix des femmes durant le processus de naissance.
Ne manquez pas cette occasion d’en apprendre davantage sur un sujet crucial pour le bien-être des femmes.
Important : Une traduction directe en anglais est possible sur demande via .
LU
D’Gemeng Schëffleng, d’Aude Gastauer, d’Mathilde Elind an den Dr. Bénédicte Simon invitéieren Iech häerzlech op en Owend mam Titel “Respektéiert Gebuert – Luucht op Gebuertsgewalt” den 9. Dezember 2024 um 19:00 Auer. Wärend dësem Evenement iwwer Gebuertsgewalt wäert en Documentaire gewise ginn, eng Presentatioun an eng beräicherend Diskussioun mam Publikum wäerten och stattfannen.
Mir freeën eis ënner anerem d’Aude Gastauer an d’Mathilde Elind, alle béid Kinéë spezialiséiert op Fraegesondheet, an den Dr. Bénédicte Simon, Gynekolog-Obstétrique), déi iwwer Gewalt bei der Gebuert schwätzt, souwuel beim Keeserschnëtt wéi och bei den traditionelle Gebuerte.
Obstetresch Gewalt – wat ass dat?
Obstetresch Gewalt bezitt sech op de Mëssbrauch an onpassend Behandlung, déi Frae wärend der Gebuert erliewen, egal ob traditionell Gebuerte sinn oder Keeserschnëtt.
Am Kontext vun traditionelle Gebuerte kënnen dës Gewaltakten net konsensuell Interventiounen abegräifen, Drock fir séier ze accouchéieren oder derogativ Kommentarer vum medezinesche Personal.
Op der anerer Säit, och Keeserschnëtter, déi dacks als eng méi sécher Léisung ugesi ginn, kënne vu Gebuertsgewalt begleet ginn, besonnesch wann d’Entscheedung fir dës Method ze benotzen ouni adäquat Erklärung oder ouni d’Wënsch vun der Mamm ze berücksichtege getraff ginn ass.
Dës Erfarunge kënne laangfristeg psychologesch Konsequenzen hunn an et ass extrem Wichteg d’Wiel vun de Frae wärend dem Gebuertsprozess ze respektéieren.
Verpasst net d’Geleeënheet méi iwwer e wichtegt Theema fir d’Wuelbefanne vun de Fraen ze léieren.
Opgepasst: Eng direkt Iwwersetzung op Englesch ass op Ufro méiglech. Schreift eis iwwer Email, , un.